Bléck op de Weekend: E méi mëlle Samschden, Temperaturréckgang a Flacken um Sonnden

De Weekend iwwer gëtt et no a no méi naass, méi kal an och méi lëfteg – also ongemittlech.

Advertisement

D’Grousswiederlag

No engem méi rouege Freide wäert d’Déifdrockaktivitéit de Weekend iwwer zouhuelen. Schonn an der kommender Nuecht passéiert eis déi nächst Kalfront, mee déi ass eréischt den Ufank. Muer um Samschden an och e Sonnde gerode mir ënnert den Afloss vun engem Déifdrockkomplex, deen mat senge Kären iwwer Skandinavien läit.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

E Randdéif dovun wäert bis an Däitschland erofgezu kommen an och bei eis heiheem eng gréisser Roll spillen.

De Verlaf

An der Nuecht op e Samschden an um Samschdemoie gëtt et mol nach duerch eng dënn Front e bësse naass, déi och vun engem klengen Déif ausgeet, wat un dësem ugeschwate grousse Komplex läit. D’Nidderschléi hale bis an de Virmëtten eran un, ier et kuerz manner gëtt. Spéitstens am Nomëtten erreechen eis déi nächst Déifausleefer mat enger breeder Front u Reen, deen sech a Richtung Nuecht kontinuéierlech weider ausbreet a verstäerkt. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad, lokal 7 Grad. De Wand spillt dobäi och eng Roll a ka Spëtzte vun tëscht 50 a vereenzelt mol 75 km/h erreechen. An der Nuecht op e Sonnde ginn d’Nidderschléi méi schwaach, se verloossen eis awer net.

E Sonnde selwer komme no a no méi kill Loftmassen an eis Géigende gezunn, iwwerdeems et awer ëmmer nach naass gëtt. Déi logesch Konsequenz ass, dass dës Nidderschléi op den héchste Koppe vum Land am spéidere Verlaf a Schnéireen oder Schnéi wäerten iwwergoen. Bis an den Owend an och d’Nuecht era kann et duerch Schauere naass ginn, mee et kënnt och zu Ënnerbriechungen.

E Méinden zitt dat uewen ugeschwat Randdéif iwwert d’Ostséi an Däitschland eran a wäert eist Land ëstlech passéieren. A wat fir enger Distanz dat geschitt, ass nach onkloer – allerdéngs wieren doduerch nach eng Kéier e puer lescht Flacken op den héchste Koppe méiglech.

E weideren Artikel a Saache Schnéi kënnt no.