Bléck op de Weekend: E nidderschlagsaarmen a waarme Weekend

Wéi et mat den Temperature virugeet, wësse mir. Mee wéi ass et mam Reen? Tjo... deen weist sech de Weekend och net esou gären.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir zwar ëmmer nach genee tëscht héijem an déiwem Loftdrock, an awer kréie mir e bësse méi eppes vum héije Loftdrock of. Dat bedeit also, dass et en Tick méi dréche gëtt wéi an de leschten Deeg – iwwerdeems eis Temperaturen an engem vill ze waarme Beräich bleiwen.


De Verlaf vun der Loftmassentemperatur bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Freide starte mir mat ville Wolleken an den Dag eran, ier et dann vum Mëtten un e bësse manner wollekeg gëtt. D’Sonn ka sech weise kommen, et sollt dobäi dréche bleiwen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 20 a 24 Grad – je no Modell kéint un der Musel och un de 25 Grad gekrazt ginn. De Samsde wiessle sech d’Sonn an e puer méi déck Wolleken of, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 19 an 23 Grad. Et gi weiderhi keng Hiweiser op nennenswäert Reequantitéiten. De Sonnde gëtt wuel e méi wollekegen Dag mat manner gudde Chancen op sonneg Momenter, mee et sollt ëmmer nach gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperature klammen op Héchstwäerter vun tëscht 19 an 23 Grad.