Bléck op de Weekend: E Samsde ganz kuerz méi roueg, duerno rem naass a vill Wand

De Weekend iwwer ginn et e puer Stonnen, déi e bësse méi frëndlech ausfale kënnen. De nächste Reen a kräftege Wandstouss sinn awer net wäit ewech.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi am Artikel vun de Mëtte schonn geschriwwen, leie mir de Moment ënnert enger Westwiederlag. Dat bedeit, dass aus Westen ëmmer erëm Déifdrockgebitter eragezu kommen, déi eis Reen & staarke Wand bréngen. Just e Samsden dréckt sech e klengt a schwaacht Héichdrockgebitt dotëscht, duerch dat et kuerzzäiteg méi roueg bei eis gëtt. Vu laanger Dauer ass dat net, well et e Sonnden an de Méinden erëm riicht esou virugeet wéi virdrun.


D’Grousswiederlag bis e Sonnden, berechent vum ICON-Modell | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freiden zéie vill Wolleken duerch, dobäi ass mat Schaueren ze rechnen. Am Laf vum spéidere Nomëtte gerode mir op d’Récksäit vum Randdéif, wat eis dës Schauere bréngt, wouduerch déi méi mëll Loftmassen duerch méi kill Loftmassen ausgetosch ginn. De Reen kann also kuerzzäiteg a Schnéiflacken iwwergoen, ier et an der Nuecht op de Samsden dréche bleift. De Wand spillt eng gréisser Roll, an de Spëtzten ass mat Vitesse vun tëscht 60 an 80 km/h ze rechnen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 7 an 11 Grad

E Samsden kënnt eis kuerz Wiederberouegung eragezunn. Et zéien zwar nach eng Partie Wolleken duerch, sonneg Momenter sinn awer och heiansdo dobäi. De Wand ass däitlech méi schwaach ënnerwee an eis Temperaturen erreeche nach e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad.

E Sonnde schléit et lues awer sécher erëm ëm. Et zéie méi déck Wolleken duerch, dotëscht weist sech d’Sonn nach heiansdo. Am Laf vum Dag kann déi eng oder aner Schauer net ausgeschloss ginn. Esou richteg mam Reen weidergoe soll et eréischt e Méinden, wou eis dat nächst Stuermfeld erreecht. Dozou ginn et an de nächsten Deeg weider Updates.