Bléck op de Weekend: E Sonnde gëtt et fréisummerlech

De Weekend iwwer geréit eis lues a lues eng Blos mat waarme Loftmassen aus Osten, duerch déi et virun allem e Sonnde fréisummerlech gëtt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer hu mir et iwwert dem Alperaum an och iwwert dem Mëttelmier mat déiwem Loftdrock ze dinn, iwwerdeems iwwert dem Nordoste vum Kontinent héije Loftdrock läit. Duerch d’Stréimungsmuster geroden esou, iwwer Ëweeër, waarm Loftmassen op Lëtzebuerg. Dës waarm Loftmasse fänken awer spéitstens vum Sonndenowend u méi schmeier ze ginn, well vum Atlantik hier méi fiicht Loftmassen entgéintdrécken.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Freide geet den Dag kloer bis liicht wollekeg un, plazeweis ass et mat 3 bis 6 Grad nach méi kill. Am Nomëtte sinn awer 14 bis 18 Grad ze erwaarden, iwwerdeems sech Sonn a Wolleken ofwiesselen. Et bleift dréchen a frëndlech.

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis dréif duerch Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 a 15 Grad erop. Et zéie Wolleken duerch, wou sech d’Sonn awer och dotëscht weist. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 15 an 20 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et zéie méi kompakt Cumuluswolleken duerch, d’Sonn weist sech dotëscht. D’Schauerwarscheinlechkeet ass minimal. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 12 Grad zréck, et zéien ëmmer nach Wolleken duerch mee et sollt dréche bleiwen.

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 an 20 Grad erop. Et gëtt méi wollekeg, d’Sonn ass awer och nach do. Mëttes an am Nomëtte wiessle sech Sonn a méi kompakt Wolleken of, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 22 a 25 Grad. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et besteet eng minimal Warscheinlechkeet vun engem lokale Schluet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, trotz e puer Wolleke bleift et dréchen.

Déi weider Aussichten

No der klenger Warscheinlechkeet vu Nidderschléi (Donnerwieder) e Sonnde geet et e Méinden an en Dënschden domat virun, well aus Weste méi fiicht Loftmassen entgéintdrécken. Wou genee d’Schliet wäerten optrieden (op déi ganz Groussregioun gekuckt) ass onkloer… mee fest steet: Do wou se optriede, kënne se a kuerzer Zäit fir gréisser Reenzomme suergen. De Grond dofir ass de schwaachen Héichtewand, duerch deen d’Zelle net wierklech séier vu Plaz kéimen. Dozou awer eng aner Kéier e méi geneeën Update.