Bléck op de Weekend: E Sonnde plazeweis ënner 15 Grad ze erwaarden

Ier mir eis an der nächster Woch op lues a lues bessert Wieder kënne konzentréiere, musse mir nach de Weekend hannert eis bréngen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer probéiert sech héije Loftdrock duerchzesetzen, besonnesch an der Nuecht op e Samsden, mee dat klappt net esou richteg. E Samsden an e Sonnde leie mir ënnert dem Afloss vun engem Déifdrockgebitt, wat vun de britteschen Inselen aus direkt op eis duergezu kënnt. Mat am Rucksak huet et Schaueren (zäitweis méi staarker) an och e spierbare bis stiermesche Wand.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freide starte mir mat ville Wolleken an den Dag eran, et geet awer net esou naass un wei an den Deeg virdrun. Am Laf vum Virmëtte kommen eenzel Schaueren an d’Spill, déi och nach bis an de fréie Nomëtten era kënnen dobäi sinn. D’Temperaturen erreechen 18 bis 22 Grad, et sollt vum spéidere Nomëtten un fir eng Zäitche méi dréche ginn.

Nodeems d’Nuecht op e Samsde gréisstendeels dréche verlaf ass, kommen am Virmëtten erëm Schaueren dobäi. Dës zéie sech bis an de Nomëtten/spéidere Nomëtten eran an intensivéiere sech no enger kuerzer Paus (déi um Owend stattfënnt) erëm. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 18 an 22 Grad. D’Nuecht gëtt also eng ongemittlech, och de Wand gëtt no enger Zäit erëm méi spierbar.

E Sonnde starte mir mat engem bedeckten Himmel a Schaueren, déi och mol méi kräfteg kënnen ausfalen. D’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a packen et am Nomëtte just nach op 11 bis 15 Grad. Et bleift laang naass, och de Wand ass mat Spëtzte bis 60 km/h en Thema. Eréischt vum spéidere Nomëtten u gëtt et ëmmer méi dréchen.