Bléck op de Weekend: E Sonnden erwaarden eis erëm 30 Grad

Et si méi stabil Loftmassen eragefloss, déi eis e flotte Weekend erméiglechen. Et wäert och erëm e Stéck méi waarm ginn.

Advertisement

Héije Loftdrock mécht sech breet

D’Onwiederdéif vu gëschter läit de Moment nach iwwert dem Norde vun Däitschland, iwwerdeems bei eis awer schonn erëm héije Loftdrock ukënnt. Dëst Héichdrockgebitt wäert sech de Weekend iwwer iwwert eise Käpp breetmaachen an eis dat schéint Wieder erëmbréngen.


De Verlaf vun der Wiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf vum Weekend

Haut um Freide si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze erwaarden, dobäi wiessle sech Sonn a Wolleken of. Et sollt gréisstendeels dréche bleiwen.

Muer um Samsde gëtt et nach en Tick méi frëndlech. Et zéie just e puer Schleierwolleken duerch, iwwerdeems sech d’Sonn duerchgesat kritt. Mir starten an de Moiesstonne mat 10 bis 14 Grad an den Dag eran a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 24 an 28 Grad. De Wand ass zimmlech gemittlech ënnerwee.

E Sonnde bleift d’Sonn bei eis an et gëtt nach e Stéck méi waarm. No den 13 bis 16 Grad an de Moiesstonne gëtt am Nomëtten e Maximum vun tëscht 27 an 31 Grad errecht.

An der neier Woch kommen erëm méi Wolleken an d’Spill an och eis Temperature falen erëm – fir e Méinde stinn de Moment 23 Grad um Programm.