Bléck op de Weekend: Eenzel Schaueren & Temperaturen ëm 15 Grad

De Weekend iwwer gerode mir ënnert méi fiicht, mee gläichzäiteg och méi waarm Loftmassen. Mat wanterleche Verhältnisser war et dat also erëm fir eng Zäit.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer läit héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum esouwéi och iwwert den ëstlechen Deeler vum Kontinent iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik aktiv ass. Duerch dës Konstellatioun gi mëll Loftmassen aus dem Süde vum Kontinent op Lëtzebuerg eropgepompelt, iwwerdeems duerch den Afloss vun de fiichte Loftmassen awer och Schaueren en Thema ginn. Punktuell kann dobäi och e lokalt Donnerwieder net ausgeschloss ginn.


D’Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freiden hu mir et ëmmer nach mat héije Wolleken ze dinn, déi fir sonneg Momenter ëmmer nach net esou ganz ideal sinn. Um Moie leien d’Temperaturen tëscht 3 a 5 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 12 a 16 Grad. Et gëtt méi wollekeg, dobäi sinn eenzel Schauere net ausgeschloss. Betreffe wäert et awer net jiddereen.

Och e Samsde bleift d’Warscheinlechkeet vun e puer Schauere bestoen, mee dat op alle Fall just op lokaler Basis. Do wou se optriede kënne se och mol e bësse méi kräfteg ausfalen. An de Moiesstonne leien d’Temperaturen tëscht 5 a 7 Grad, am Nomëtte ginn erëm tëscht 12 a 15 Grad ugepeilt. Tëscht de ville Wolleke ka sech d’Sonn weise kommen.

E Sonnden zéie mir d’Schauerwarscheinlechkeet nach bis an de fréie Nomëtten eran, ier se duerno lues a lues zréckgeet. D’Temperature starte bei tëscht 5 a 7 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 10 an 13 Grad.

De Wand wäert de ganze Weekend iwwer keng gréisser Roll spillen.