
De Weekend iwwer bleiwe mir ënner Déifdrockafloss, wouduerch et och ëmmer erëm wäert naass ginn. Trotz allem sinn awer och e puer sonneg Momenter net ausgeschloss.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Et läit ëmmer nach e groussen Déifdrockkomplex iwwert de britteschen Inselen, deen eis an Zukunft Randdéif no Randdéif bréngt. Och wat dëse Weekend ugeet, gi mir vun déiwem Loftdrock versuergt. Iwwerdeems dat esou bei eis ass, huet sech den héije Loftdrock an de Beräich vun den Azoren an och an de südleche Mëttelmierraum zréckgezunn. Vum Stréimungsmuster hier ergëtt dat weiderhin de perfekte Setup vun enger Déifdrock-Strooss, déi eis quasi open-end dat variabelt Wieder zouspillt.

De Verlaf
Muer um Freiden zéie vill Wolleken duerch, dotëscht ass mat Chance och en eenzelne sonnege Moment net ausgeschloss. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 7 an 10 Grad, iwwerdeems de Wand mat Spëtzte bis ëm 50 km/h ëmmer nach spierbar ënnerwee ass – stiermesch ass et also net méi. Wat de Reen ugeet ginn et eng Partie Modeller, déi tatsächlech en dréchenen Dag op eis duerkomme gesinn. Schauere wäerten also net an der Iwwerzuel sinn.
E Samsden erreecht eis erëm eng Kalfront. Spéitstens vum Virmëtten u gëtt et vu Westen hier ëmmer méi naass, dëse Reen hält sech dann och méi groussflächeg a méi laang. Punktuell ass och eng méi kräfteg Schauer drënner. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 8 an 10 Grad, de Wand bléist mat Spëtzte bis ëm 70 km/h aus Süd-Südwesten. Generell bleift et vum Mëtten bis an de Sonnden eran zimmlech lefteg bis stiermesch – un de Warnschwellen sollt awer just an der Ausnam gekrazt ginn.
E Sonnde bleift et bis an de Nomëtten eran naass, eréischt duerno kann et zu e bësse méi laange Reepause kommen – mat immens vill Chance ass e kuerze sonnege Moment dran. D’Temperature pendle sech tëscht 8 an 11 Grad an, de Wand weist sech weiderhin aktiv mat deels stiermesche Wandstéiss. A Richtung Nuecht gëtt et en Tick manner wollekeg, Niwwelfelder mat Fisemreen sinn awer net ausgeschloss.