Bléck op de Weekend: Ëmmer erëm Schaueren, Sonnden méiglecherweis dréchensten Dag

Fir de Weekend huet bis ewell net vill un der Prognos geännert. D’Wolleke bleiwen, d’Sonn weist sech heiansdo an et ass mat Schaueren ze rechnen. Aktuelle Modellrechnunge sollt de Sonnden awer vun allen Deeg am dréchenste verlafen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Eist Wieder gëtt vun engem groussen Déifdrockgebitt beaflosst, wat mat sengem Kär vum Nordatlantik hier iwwert déi nërdlech brittesch Inselen bis an de skandinavesche Raum eriwwerzitt. Südlech dovu gi spierbare Wand & och ëmmer erëm Schaueren an eis Géigende gelenkt, wat an engem net all ze flotte Weekend resultéiert. D’Natur freet sech, de Mënsch zweiwelt awer esou lues un der zweeter Juli-Hallschent well se alles anescht wéi summerlech ass.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Nidderschléi bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freiden zéien ëmmer erëm Schaueren duerch, nëmmen heiansdo kënnt et mol zu sonnegen Ofschnëtter. An de fréie Moiesstonne leien d’Temperaturen tëscht 14 a 17 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 17 an 22 Grad. Zäitweis kënnen d’Schaueren och méi kräfteg ausfalen, en eenzelt Donnerwieder ass och net onméiglech.

E Samsde besteet d’Schauerwarscheinlechkeet nach bis an de fréie Nomëtten eran, duerno geet se zréck an d’Sonn ka sech besser weise kommen – dat awer ëmmer nach a Begleedung vu Wolleken. D’Temperature leien an de Fréistonnen tëscht 14 a 17 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 20 an 23 Grad. Um Owend an an der Nuecht op de Sonnde sollt et momentanem Stand no dréche bleiwen.

E Sonnde selwer zéie vill Wolleken duerch, och där méi décker. Dotëscht ka sech d’Sonn dann trotzdeem mol weise kommen, iwwerdeems et dem Gros vun de Modeller no sollt gréisstendeels dréche bleiwen. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 18 an 22 Grad. De Wand ass mat Spëtzte bis 55 km/h spierbar ënnerwee.