Bléck op de Weekend: Ëmmer méi kal, Nidderschléi hale sech a Grenzen

Muer an e Samsde kann et mol nach zu geréngem Nidderschlag kommen, duerno gëtt et awer erëm méi frëndlech. D’Mutz, de Schal esouwéi d’Jackett awer net vergiessen, well et gëtt däitlech méi kal.

Advertisement

D’Grousswiederlag

E Freide wandert en Déifdrockgebitt mat sengem Kär vun Dänemark hier a Richtung Polen an dréckt doduerch eng Kalfront a Richtung Süden. Och mir hei zu Lëtzebuerg sinn dovu betraff, de Gros vum Nidderschlag passéiert awer ëstlech vun eis. Dëst Déif huet nach bis am Laf vum Samsden en Afloss op eis, dat awer weiderhi just mat vereenzelte Nidderschléi – näischt wat wierklech nennenswäert ass.


De Verlaf vun der Grousswiederlag de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

Vum Sonnden un iwwerhëlt en Héichdrockgebitt, wat sech iwwert de britteschen Insele breetmécht. Parallel dozou hu mir et mat déiwem Loftdrock iwwert dem Weste vu Russland ze dinn esouwéi och engem weideren Déif iwwert dem Alperaum. Duerch dës Konstellatioun kréie mir et mat rouegem, mee och däitlech méi killem Héichdrockwieder ze dinn.

De Verlaf

Wa mir eis elo déi eenzel Deeg méi genee ukucken, da gesi mir fir de Freide muer eng Partie Wolleken duerchzéien. Duerch déi ugeschwate Kalfront kann et och mol zu geréngfügege Nidderschléi kommen, wierklech der Ried wäert sinn wäerten se awer net. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 4 a 9 Grad. Besonnesch op de Koppen ass et am Fall vu liichtem Nidderschlag net onméiglech, dass déi eng oder aner Flack sech weist. D’Warscheinlechkeet dofir ass awer wierklech niddereg. Muer um Samsden ass d’Situatioun net ganz vill anescht, mir starte mat -1 bis 1 Grad an den Dag eran. Am Nomëtte si mir nach mat 3 bis 6 Grad als Maximalwäerter ënnerwee. Et si Wolleken ze erwaarden, heiansdo ka geréngfügege Nidderschlag net ausgeschloss ginn – e grousst Thema ass et awer och weiderhi net.

Eng gréisser Ännerung vun den Temperature mierke mir dann an der Nuecht op de Sonnden. D’Wäerter ginn op tëscht -6 a -3 Grad zréck, ier um Sonnde just nach Maximalwäerter vun tëscht 1 an 3 Grad erreecht ginn. Och an der Nuecht op de Méinde soll den Thermometer op tëscht -4 a -6 Grad zréckgoen, e Méinde wieren aus aktueller Siicht gesi Maximaltemperature vun tëscht 0 an 3 Grad ze erwaarden.