Bléck op de Weekend: Ëmmer nach e puer naass Momenter, mee och d’Sonn ass dobäi

Héije Loftdrock gëtt säi bescht, fir sech och de Weekend iwwer bei eis kënnen ze behaapten… den déiwe Loftdrock kämpft awer dogéint un.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Héije Loftdrock ass iwwerall iwwert dem europäesche Kontinent verdeelt ze fannen – just hu mir et de Moment mat enger Stéierung a Form vun déiwem Loftdrock ze dinn, deen sech vun der Nordséi hier a Richtung BeNeLux erstreckt. E Freide verlagert sech den Zentrum vum Déif weider a Richtung Süden, ass dann also quasi genee iwwert eise Käpp ze fannen. Nodeems dëst Déif ofgezunn ass, kënnt erëm e bëssen Déifdrockafloss aus dem Oste vun Europa no, iwwerdeems sech den héije Loftdrock wierklech dru gëtt, sech dogéint duerchzesetzen. Mir kréien et also de Weekend iwwer net mat purem Héichdrockwieder ze dinn, mee musse weiderhi mat Stéierunge rechnen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Bis an de Freidenomëtten era si vill Wolleken um Wierk, déi eis ëmmer erëm e puer Schauere bréngen. Vill kënnt zwar net erof, an awer ass et net all ze frëndlech dobaussen. D’Temperature starte bei tëscht 2 a 4 Grad a packen et am Nomëtten op tëscht 8 an 11 Grad. Vum spéidere Nomëtten/fréien Owend u geet d’Schauerwarscheinlechkeet zréck.

E Samsde sinn ëmmer nach eng Partie Wolleken ënnerwee, d’Sonn ka sech awer och dotëscht weisen. Et kënne liicht Nidderschléi optrieden, mee dat net méi iwwerall an et handelt sech och ëmmer nach net ëm vill. D’Temperature leie moies bei tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 10 an 13 Grad.

E Sonnden erwaart eis en änlechen Dag. Sonn a Wolleke wiessle sech of, virun allem an der éischter Dageshallschent komme mol nach ganz vereenzelt Schaueren erof. Duerno geet d’Warscheinlechkeet zréck an d’Sonn weist sech. D’Temperature packen et op 10 bis 14 Grad, nodeems se um fréie Moie bei tëscht 0 a 4 Grad louchen.