Bléck op de Weekend: Ëmmer nach iwwerduerchschnëttlech waarm, zäitweis naass

Déi mëll südwestlech Stréimung huet eis ëmmer nach fest am Grëff. Wanterlecht Wieder ass och de Weekend iwwer ëmmer nach keent ze erwaarden.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 18. Dezember 2020 – 04:02 Auer

De Weekend iwwer bleift et mëll, réischt um Sonnde kéint et e bësse manner waarm ginn.

Freiden, 18. Dezember 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis gro duerch Wolleken an och e puer Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 7 Grad erop. Et bleift vum Wiederzoustand hier onverännert, do wou de Niwwel nach dominéiert ass och liichte Fisemreen net ausgeschloss. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 7 bis 9 Grad erwaart, de Wand bléist schwaach bis zäitweis bësse spierbar aus Südosten. Soubal de Niwwel fort ass hu mir et mat e puer Wolleken ze dinn, niewebäi sinn awer och sonneg Momenter ze erwaarden. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 5 Grad zréck, et ass mat méi zéie Niwwelfelder ze rechnen. D’Siichtwäit gëtt staark beanträchtegt.


Eréischt vum Sonnden u solle lues a lues méi kill Loftmassen eragefloss kommen | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 19. Dezember 2020

De Samsdemoien ass et erëm meeschtens gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op 8 bis 10 Grad erop. Et gëtt manner niwwleg, d’Sonn ka sech kuerz mat Chance weise kommen. Mëttes an am Nomëtten war et dat awer schonn erëm, aus Weste komme méi kompakt Wolleken eragezunn. Vum fréie Nomëtten u si liicht Nidderschléi méiglech, dat bei Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad. De Wand bléist spierbar aus Süd-Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 7 Grad zréck, et ass staark bedeckt an et reent virun.

Sonnden, 20. Dezember 2020

De Sonndemoien ass et ëmmer nach staark bedeckt an et reent nach, d’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad. Am Virmëtte bleiwen d’Temperaturen am selwechte Beräich, lues a lues beweegt sech de Nidderschlag a Richtung Osten aus dem Land eraus. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 7 bis 10 Grad ze erwaarden, déi vill Wolleke bleiwe bei eis mee et gëtt manner naass. De Wand bléist liicht spierbar aus Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 4 Grad zréck, et ass mat Niwwel ze rechnen.