Bléck op de Weekend: Ëmmer nach zäitweis naass

De Weekend iwwer entscheet en Déifdrockkomplex iwwert de britteschen Inselen iwwert eist Wieder zu Lëtzebuerg. Et gëtt also mol nach naass.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Grond fir de ville Reen elo an och an de leschte Stonnen ass en Déifdrockgebitt, wat iwwert dem ëstlechen Atlantik resp. iwwert de britteschen Inselen läit. Dëst lenkt ëmmer erëm déck Wolleken a Nidderschléi op Lëtzebuerg. Zur selwechter Zäit fanne mir iwwert dem déiwe Südoste vum Mëttelmierraum héije Loftdrock, deen den Déifdrockafloss also iwwerhaapt guer net bei sengem Virhunn stéiert.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freiden ass et meeschtens wollekeg. Et reent zwar net méi esou vill wéi haut a gëschter, an awer ass nach mat e puer eenzelne Schaueren ze rechnen. De flächendeckendste Reen sollt sech just nach op de ganz fréie Moie begrenzen. Mat vill Chance ass am Nomëtten och mol den een oder anere kuerze sonnege Moment dobäi. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 9 an 13 Grad. Och e Samsde begleeden eis vill Wolleken duerch den Dag, allerdéngs hu mir et an der éischter Dageshallschent awer éischter mat e puer eenzelne Nidderschléi ze dinn. Vum spéidere Nomëtten bis an den Owend eran ass mam meeschte Reen ze rechnen, e gëtt erëm méi groussflächeg. Fir déi zweet Nuetshallschent verschwënnt en awer erëm gréisstendeels. Et gi Maximaltemperature vun tëscht 9 an 12 Grad erwaaret.

E Sonnde fléissen an der Héicht däitlech méi kill Loftmassen op Lëtzebuerg, vun deene mir um Buedem awer net all ze vill spieren. D’Maximaltemperature wäerte bei ronderëmt 6 bis 9 Grad leien. Et ass zimmlech wollekeg an et kënnt ëmmer erëm zu e puer schwaache Nidderschléi.

D’nächst Woch kënnt dann endlech mol erëm e bëssen Héichdrockafloss an d’Spill.