Bléck op de Weekend: Ëmmer nach zäitweis variabel mat Schauer- & Wiederrisk

De Weekend iwwer spille sech weiderhi variabel Momenter of. D'Sonn weist sech och mat Zäiten, dat bei meeschtens duerchschnëttlechen Temperaturen.

Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt läit westlech vun de britteschen Inselen iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent ze fannen ass. Dotëscht stréime, virun allem a Richtung Polen an Tschechien, waarm Loftmassen an d’Géigenden. Däitlech méi fiicht a net grad esou waarm sinn d’Loftmassen a Richtung Westen. E fiichtwaarme Mix stellt sech zesummen, deen de ganze Weekend iwwer wäert bäigehale ginn. Schauere kënnen also ëmmer erëm mol virkommen, och Donnerwieder si méiglech. D’Sonn weist sech awer och ëmmer erëm.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 24. Juni 2022

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis wollekeg – plazeweis och schonn naass. D’Temperature leien tëscht 15 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 19 an 23 Grad erop. Et ännert net vill, d’Schauerwarscheinlechkeet klëmmt weider. Och Mëttes an am Nomëtte bleift eis d’Schauerwarscheinlechkeet stänneg erhalen, d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 20 an 23 Grad. Ëmmer erëm ass op zoufällege Plaze mat eenzelne Schaueren ze rechnen, och mol en Donnerwieder mat Staarkreen ass méiglech. De Wand bléist gréisstendeels schwaach bis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 13 a 15 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg an et bleift erëm dréchen.

Samsden, 25. Juni 2022

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 15 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 an 22 Grad erop. Sonn a Wolleke wiessle sech of. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 22 a 26 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Aus westleche Richtunge gëtt et a klenge Schrëtt méi wollekeg. Vum spéidere Nomëtten/fréien Owend u sinn aus Weste Nidderschléi ze erwaarden, punktuell kann och erëm en Donnerwieder net ausgeschloss ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 14 a 16 Grad zréck, et ass zimmlech wollekeg mee et sollt erëm dréche bleiwen.

Sonnden, 26. Juni 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et ass awer dréchen. D’Temperature leien tëscht 14 a 17 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 an 20 Grad erop. Den Himmel zitt weider zou, d’Warscheinlechkeet vun enger Schauer ass awer zimmlech geréng. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 18 a 24 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. D’Sonn weist sech dotëscht, d’Wolleke sinn zäitweis awer wierklech zimmlech déck. Haaptsächlech vum Owend un besteet aus Frankräich hier erëm de Risk vu Schaueren an Donnerwieder, déi sech bis an d’Nuecht zéie kéinten. D’Temperature ginn op tëscht 12 a 15 Grad zréck.