Bléck op de Weekend: Rem bis em 35 Grad

Während dem Maximum vun der Hëtztwell konnt um Mëttwoch zu Waasserbëlleg en Héchstwäert vu 37,2 Grad gemooss ginn. Um Donneschden an och um Freiden gëtt et manner waarm, et bleift awer ëmmer nach summerlech bis héichsummerlech.


Um Weekend selwer rem bis em 35 Grad méiglech

Um Mëttwoch gouf de wäermsten Dag vun der Woch registréiert. Schon am spéideren Owend konnt et sech, soubal d’Sonn amgaange war, ënnerzegoen, duerch eng schwaach Kalfront méi séier ofkillen. Déi grouss Hëtzt gëtt also bis de Freide méi oder manner haaptsächlech a Richtung Frankräich ofgedrängt, wou weiderhin mat enger extremer Hëtzt a potenziell neie Rekorder ze rechnen ass.

De Weekend schwappt en Deel vun der Hëtzt, deen duerch de Frontesystem ofgedrängt ginn ass, zréck an eis Géigenden. Dohier kann et um Samsden an och um Sonnde rem e gutt Stéck méi waarm ginn. Wäerter vun em 35 Grad kënnen da rem optrieden. Elo awer den Détail zum Weekend:

Freiden, 28. Juni 2019

De Freidemoien ass den Himmel kloer bis liicht wolléckeg, d’Temperature leien tëschen 11 a 19 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 22 bis 25 Grad erop, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 28 bis 32 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 30 km/h. D’Sonn ass déi ganzen Zäit ze gesinn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 17 bis 10 Grad zréck, op eenzelne Plaazen am Norden op 6 Grad.

Déi grouss Hëtzt gëtt a Richtung Frankräich ofgedrängt, ier en Deel dovunner zréck op Lëtzebuerg kënnt (wxcharts.com / GFS)

Samsden, 29. Juni 2019

De Samsdemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tësche 15 an 20 Grad. An eenzelnen Däller am Norde kéinte se nach bei méi niddregen 10 Grad leien. Am Virmëtte klammen des Werter op 25 bis 28 Grad erop, d’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 32 bis 35 Grad areecht, lokal kéint et och rem vir 37 Grad duergoen. De Wand bléist schwaach aus Osten mat Spëtzte vun 30 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 20 bis 13 Grad zréck, an den Däller am Norden op 8 Grad.

Sonnden, 30. Juni 2019

De Sonndemoien ass et nach meeschtens kloer, d’Temperature leien tëschen 13 a 24 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 28 bis 32 Grad erop, et gëtt lues a lues e Stéck méi wolléckeg. Mëttes an am Nomëtte kënnt eis e Frontesystem méi no, un deem et zu méi Wollécke komme wärt. Et stellt sech e Mix aus Sonn a Wollécken an, bei dem awer just e minimale Schauerrisk besteet. D’Temperature packen et op Maximalwäerter vun 31 bis 35 Grad. De Wand bléist frësch aus Nordwesten a kann zäitweis 55 km/h areechen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 18 bis 12 Grad zréck, an den Däller op 7 Grad.