
De Weekend iwwer leie mir tëscht engem groussen Héich iwwert dem wäiten Oste vum Kontinent an engem groussen Déifdrockkomplex, dem säi Kär südlech vun Island läit. Dowéinst bleift et mëll, mee och zäitweis naass.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Muer an och de Weekend iwwer zitt een Déifdrockgebitt nom aneren iwwert de Nordatlantik an dréckt seng Fronten deels och bis op eise Kontinent eran. Zur selwechter Zäit dréint en Héichdrockgebitt iwwert dem wäiten Oste vum Kontinent seng Kreeser. Duerch dës Konstellatioun kënnt zu Lëtzebuerg eng mëll westlech bis südwestlech Stréimung zustanen, duerch déi eis Temperature weiderhin op iwwer 10°C wäerte klammen.

Dëst wäert awer net den eenzegen Effekt sinn, well et zäitweis och méi onbestänneg ka ginn.
De Verlaf
Den Dag vu muer, de Freide, verleeft meeschtens wollekeg. Um fréie Moie kann et punktuell zu schwaache Nidderschléi kommen, mee déi betreffe, wéi gesot, just déi mannst. Am weidere Verlaf vum Dag bleiwen d’Wolleken dominant, mat Chance ka sech d’Sonn heiansdo awer mol kuerz durchdrécken. A Richtung spéideren Owend & Nuecht ginn d’Wolleken aus westleche Richtungen ëmmer méi kompakt, reene sollt et awer nach net. Bei 12 bis 16 Grad gëtt et de wäermsten Dag vun der Woch. E Samschde sinn d’Wolleke méi kompakt, zumools am Nomëtte kënnen e puer Nidderschléi aus der Belsch op eist Land iwwergräifen – tendenziell op de Westen a Nordwesten. D’Temperature loosse sech dovu net grouss beaflossen, ëmmer nach stinn 10 bis 15 Grad um Programm.
E Sonnde gëtt et en Tick besser: An de fréie Moiesstonne si nach e puer Wolleken oder och Niwwelfelder ënnerwee. Haaptsächlech vum Mëtten bis an de spéidere Nomëtten eran ergëtt sech aus momentaner Siicht gesinn d’Chance, dass d’Sonn ëmmer erëm mol ka luusse kommen. Duerno gëtt et aus Westen schonn erëm méi wollekeg, reene sollt et awer nach net. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 10 an 13 Grad.
An der neier Wiederwoch gesäit et fir e Méinden an och en Dënschden fir eng méi reenereg Zäit aus, woubäi et awer vum Dënschdenomëtten u soll méi frëndlech ginn. Wéi genee sech dat entwéckelt, musse mir nach e bëssen ofwaarden.