Bléck op de Weekend: En Déifdrockgebitt mëscht sech an, dobäi net vill Reen

De Weekend iwwer wäert eisen Héichdrockafloss vun de Moment däitlech ofhuelen, dat duerch en Déif iwwer Frankräich. De Reen sollt sech awer trotzdeem a Grenzen halen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Freiden iwwer kréie mir nach e puer Stonne mat Sonn ze genéissen, ier dann am Laf vum spéideren Dag méi Wolleken opgezu kommen. De Grond fir dës Wolleken ass en Déifdrockgebitt, wat sech lues a lues iwwer Frankräich breet mécht. Aus dësem Grond wäert et fir de Rescht vum Weekend och däitlech méi wollekeg sinn, iwwerdeems mir awer zäitweis och ënnert enger méi mëller Stréimung wäerte leien. De Reen hält sech och a Grenzen.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freiden ass et mol nach laang zimmlech frëndlech, ier dann vum spéidere Nomëtten méi Wolleken opkommen. De Reen gëtt dobäi awer keen Thema, eis Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 8 an 11 Grad. D’Nuecht iwwer besteet just eng kleng Warscheinlechkeet, dass et lokal mol kéint liicht naass ginn.

Fir e Samsde stinn méi Wolleken um Programm, dotëscht weist sech d’Sonn heiansdo. D’Warscheinlechkeet vu Reen ass awer weiderhi limitéiert, och wann e lokal net ganz kann ausgeschloss ginn. Den Thermometer klëmmt op e Maximum vun tëscht 11 a 14 Grad. D’Warscheinlechkeet fir eenzel Nidderschléi geet an der Nuecht op e Sonnden weider an d’Luucht, e Sonnde selwer sinn aus aktueller Siicht gesinn e puer Schaueren ze erwaarden. D’Temperature beweege sech op e Maximum vun tëscht 8 an 11 Grad duer.

Generell rechnen d’Modeller bis e Sonnden mat Nidderschlagsquantitéite vun tëscht 2 a 5 l/m². Et muss een also keng Angscht hunn, dass de wuelverdéngte Weekend an d’Waasser fällt.