Bléck op de Weekend: Erëm héije Loftdrock no schwaachem Frontenduerchgang

De Weekend iwwer dominéiert d’Héichdrockwieder zwar weiderhin, et gëtt just e kuerzen a klenge Schéinheetsfeeler un der Saach.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Freide knéckt den héije Loftdrock iwwer Lëtzebuerg kuerz an, iwwerdeems en iwwer Frankräich awer bestoe bleift. Am grousse Ganzen zitt sech eng Héichdrockbréck vum westleche Frankräich riwwer bis a Russland. Eng schwaach Kalfront wäert iwwert eis ewechzéien, déi awer definitiv keen unhalenden Effekt wäert mat sech bréngen. E Samsden setzt sech erëm héije Loftdrock iwwert eis duerch, deen och de Sonnden iwwer wäert bei eis bleiwen.


De Verlaf vun de Loftmassen bis de Méinden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Freiden zitt jo, wéi gesot, eng schwaach Kalfront duerch. De Modeller no kënnen doduerch am Laf vum Dag mat enger net all ze héijer Warscheinlechkeet eenzel schwaach Nidderschléi duerchzéien. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 19 an 22 Grad. E Samsde klammen d’Temperaturen duerch de kalfrontduerchgang e Freiden net méi grad esou héich – mee dat ass, wéi gesot, keen Dauerzoustand. 16 bis 19 Grad si nach dran, laanscht den äusserste Süden fläit och eng 20. Sonn an deels méi déck Wolleke wiessle sech of an et sollt dréche bleiwen.

De Sonnde kënnt sech d’Sonn erëm en Tick besser weisen, iwwerdeems e puer Wolleken duerchzéien. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 19 an 23 Grad.

De Start vun der neier Woch geet zimmlech waarm iwwer d’Bühn, de momentane Berechnunge no sinn tëscht 22 a 26 Grad méiglech.