Bléck op de Weekend: Et fänkt u liicht schmeier ze ginn

De ganze Weekend iwwer sti mir ënnert dem Afloss vu mëlle Loftmassen, déi awer no a no méi fiicht ginn. Et gëtt liicht schmeier, wat no enger Zäit och d’Warscheinlechkeet vun engem Schluet an d’Luucht dréckt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Südlech vun den Azore läit en Héichdrockgebitt, wat sech bis e Sonnden och bis a Spuenien eran erstrecke wäert. Parallel dozou ginn eis vun Déifdrockgebitter, déi iwwert dem Atlantik leien, fiicht Loftmassen zougespillt. D’Gesamtkonstellatioun léisst et zwar net zou, dass mir et mat richteg waarmen Temperaturen ze di kréien, mee fréijoersméisseg gëtt et op alle Fall. Déi erhéicht Loftfiichtegkeet ass am weidere Verlaf fir eng erhéicht Warscheinlechkeet vu lokale Schauere verantwortlech, eventuell kann an der Groussregioun och mol en Donnerwieder mat dobäi sinn. Trotz dëser Warscheinlechkeet weist sech eis Sonn awer och ëmmer erëm.


D’Wolleken- a Nidderschlagsanimatioun fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freiden zéien e puer Wollekefelder duerch, iwwerdeems sech d’Sonn och dotëscht weise kënnt. D’Fréitemperature leien tëscht 7 an 11 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vu 14 bis 19 Grad. Virun allem am spéidere Nomëtten ass eng lokal Schauer net onméiglech, mee et sollt déi allermannst betreffen. De Wand ass liicht spierbar ënnerwee, spillt also eigentlech keng gréisser Roll.

E Samsde starte mir mat 6 bis 9 Grad an den Dag eran a packen et am Laf vum Nomëtte nach eng Kéier op e Maximum vun tëscht 17 an 21 Grad. Virun allem vum Nomëtten un bis an den Owend eran besteet d’Warscheinlechkeet vu Schaueren, déi aus Frankräich hier kéinten eropgezu kommen. Jee no Modeller kéint et sech dobäi och mol ëmt en Donnerwieder handelen – esou beispillsweis den europäesche Modell. Den däitsche Modell ICON gesäit am fréie Nomëtten eng Warscheinlechkeet vu geréngfügegem Nidderschlag, déi tëscht 16 an 23 Auer erëm wäit zréckgoe soll, fir duerno dann erëm op ee Neits zouzehuelen. Dir mierkt: Et gi nach gewëss Onsécherheeten wat d’Schaueren e Samsde betrëfft. Op alle Fall kënnt sech trotz allem d’Sonn weisen.

E Sonndemoien ass et schonn zimmlech mëll, tëscht 8 an 11 Grad sinn ze erwaarden. Am Laf vum Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 13 a 16 Grad ze rechnen. De Wand bléist an der Moyenne schwaach, kann an de Spëtzten awer zäitweis mol op 50 km/h opfrëschen. Sonn a Wolleke wiessle sech of, e puer Schauere si méiglech. Déi héchst Schaueraktivitéit inkl. Donnerwieder gëtt et bei eisen däitsche Noperen.