Bléck op de Weekend: Et geet rem lues a Richtung 20 Grad

De Weekend sti mir ënner stabilem Héichdrockafloss, wouduerch et déi meescht Zäit drëche bleiwe wäert.

Et geet net nëmme gréisstendeels frëndlech bei eis viru, mee haaptsächlech vum Sonnden u gi rem méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg transportéiert. Dëst wäert och nach an der nächster Woch sou bleiwe, wouduerch lues a lues rem Wäerter vun ëm an iwwer 20 Grad méiglech sinn. Ier et awer sou wäit ass, gëtt et um Freide nach eemol eng Nummer méi gro.

Freiden, 03. Abrëll 2020

De Freidemoien ass et meeschtens bedeckt, vereenzelt liicht Nidderschléi kënnen och net ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 5 bis 8 Grad erop, et bleift zimmlech bedeckt. Mëttes an am Nomëtte gëtt et just minimal besser, d’Wolleke kënne sech awer weiderhin am meeschten duerchsetzen. D’Temperature packen et op e Maximum vu 7 bis 12 Grad. De Wand bléist liicht spierbar aus Nordweste mat Spëtzte vu 35 km/h. Et bleift oft wollekeg, et sollt awer just an Ausnahmefäll mol reenen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis -1 Grad zréck, et kläert no a no op.

Vum Sonnden un areechen eis méi waarm Loftmassen (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 04. Abrëll

De Samsdemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 8 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun 11 bis 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus West- Nordwesten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall, et zéien héchstens mol e puer harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 2 Grad zréck, et si weiderhi kaum Wolleken ënnerwee.

Sonnden, 05. Abrëll 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 3 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 13 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte bleift et bei Maximaltemperature vun 18 bis 22 Grad frëndlech a mëll. De Wand bléist awer ëmmer nach spierbar aus Südosten a packt et an de Spëtzten op 40 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 5 Grad zréck, den Himmel bleift kloer.