Bléck op de Weekend: Et gëtt e bësse méi mëll

Haaptsächlech um Freiden hu mir et nach mat engem méi staarken Déifdrockafloss ze dinn. Um Samsde gëtt et kuerz méi roueg, ier et am Laf vum Sonndenomëtte rem zum Passage vun enger Kalfront komme kann.

Net all ze vill Reen

De Weekend iwwer bleift d’Westwiederlag zwar bestoen, allerdéngs schénge mir e Moment ze erwësche, wou sech op mannst kuerzzäiteg méi rouegt Wieder duerchsetze kann. Dëst wäert haaptsächlech um Samsden de Fall sinn. Ëmschloe kann et awer scho rem um Sonnde, wou eis eng Kalfront vu West no Ost passéiere kann.

Freiden, 06. Mäerz 2020

De Freidemoien ass den Himmel staark bedeckt an et reent weiderhin, d’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 3 bis 6 Grad erop, et ännert sech net vill – et bleift ongemittlech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 9 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus West- Nordwesten. An de Spëtzte kënne 50 km/h areecht ginn. Et bleift zwar nach wollekeg, allerdéngs gëtt et am Laf vum Nomëtte bësse méi drëchen. Um Owend an an der Nuecht sollt sech dest fortsetzen, d’Temperature ginn op 3 bis 1 Grad zréck. Virun allem spéiderhin ass mat Niwwelfelder ze rechnen, lokal kënnen och glat Stroosse net komplett ausgeschloss ginn.

De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt (ICON – wxcharts.com)

Samsden, 07. Mäerz 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, och Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op 2 bis 5 Grad erop, sonneg Momenter si méiglech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 9 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Westen. An de Spëtzte si 40 km/h ze erwaarden. Et besteet just eng minimal Schauerwahrscheinlechkeet. Trotz de ville Wolleke ka sech d’Sonn niewebäi nach heiansdo weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis 1 Grad zréck, et ass op e Neits mat Niwwelfelder ze rechnen.

Sonnden, 09. Mäerz 2020

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, dat duerch Niwwel an och Wolleken. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 4 bis 7 Grad erop, et bleift gro. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 7 bis 11 Grad ze rechnen, de Wand bléist spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte si bis zu 55 km/h méiglech. Am ganze Land ass mat Reen ze rechnen. Um Owend an an der Nuecht reent et virun, d’Temperature falen op 6 bis 3 Grad.