Bléck op de Weekend: Et gëtt kuerz méi kill mat Schnéi a Schnéireen

Et ass Donneschden, also geheie mir en éischte méi konkrete Bléck op de Weekend.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir ënnert enger killer a méi fiichter westlecher bis nordwestlecher Stréimung, wouduerch Nidderschléi a Form vu Schnéi erëm méi warscheinlech ginn. Undriff dovun ass déiwe Loftdrock iwwert dem skandinavesche Raum souwéi och iwwert de britteschen Inselen a gläichzäitege groussen Héichdrockafloss iwwert dem ëstlechen Atlantik, deen sech iwwer Spuenien a Portugal erstreckt.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 07. Januar 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, dobäi ass bei Temperaturen, déi tëscht -1 an 1 Grad leien, ëmmer erëm mat Nidderschléi a Form vu Schnéi ze rechnen. Dobäi kann et, besonnesch op de Koppen, zu e puer wéineg Zentimeter Schnéi kommen. Am Süden ass gär mol Reen drënner. Am Virmëtte leien d’Temperaturen tëscht 0 an 2 Grad, et kënnt weiderhin zu Schnéifall. Mëttes an am Nomëtte gëtt e Maximum vun tëscht 2 a 5 Grad erreecht, wouduerch de Schnéi op ville Plazen a Schnéireen an och a Reen iwwergeet. Am längste kann et op de Koppen am Norde viruschneien. De Wand bléist spierbar bis stramm aus West-Südwesten, an de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. Um Owend gëtt et nach en Tick méi spannend, well d’Modeller mat engem weidere Schnéifallgebitt rechnen. Dobäi kann aktuell awer nach net gekläert ginn, ob dëst mat sengem markantsten Deel genee iwwer Lëtzebuerg zéie wäert oder méi iwwert den äusserste Norde vu Frankräich. Egal wéi, fir op mannst e bësse Neischnéi sollt et duergoen. Am Laf vum Dag kommen Updates. D’Temperature ginn op tëscht -1 an 1 Grad zréck, glat Streckenofschnëtter sinn ze erwaarden.

Samsden, 08. Januar 2022

De Samsdemoien ass et meeschtens gro, dat duerch vill Wolleken a Niwwelfelder. D’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht -1 an 1 Grad erop. D’Luucht bleift zou, de Niwwel huet d’Iwwerhand. Et ka mol zu glate Stroossen duerch Räif kommen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 2 a 5 Grad ze erwaarden, de Wand ass spierbar bis spatz ënnerwee a packt et an de Spëtzten op tëscht 30 a 50 km/h, op de Koppe sinn och mol bis zu 65 km/h net ausgeschloss. Et bleift gro, Schnéifall setzt an. Well et awer séier méi waarm gëtt, geet dëse no a no a Schnéireen an dann a Reen iwwer. Um Owend reent et also meeschtens, an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 bis 6 Grad zréck. Viru Mëtternuecht kann et op de Koppen erëm kuerz zu eenzelne Flacke kommen, soss handelt et sech ëm Reen. An der zweeter Nuetshallschent gëtt et viraussiichtlech séier méi dréchen.

Sonnden, 09. Januar 2022

De Sonndemoien ass et meeschtens bedeckt, dobäi ass awer kee Schnéifall ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht 0 a 5 Grad a pendle sech am Virmëtten tëscht 0 an 3 Grad an. Et bleift gro, mee bis op e puer Niwwelfelder mat Fisemreen nidderschlagsfräi. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 2 a 5 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et bleift gro, dobäi kann elo erëm liichte Nidderschlag asetzen – dat a Form vu Schnéigefisems a Schnéireen. Niwwel mécht sech breet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 an 3 Grad zréck, et kënnt zu Schnéi a Schnéireen.