Bléck op de Weekend: Et gëtt manner naass an och méi waarm

No engem naasse Mëttwoch fänkt et an de nächsten Deeg un, manner naass an och méi waarm ze ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Haut beschäftegt eis mol nach d’Récksäit vum Déif, wat eis gëschter e naassen Dag bruecht huet. Vu muer un beweegt sech dëst a Richting Südostdäitschland a mécht hannendru fir en Héichdrockgebitt Plaz, wat sech vu Skandinavien hier uschläicht.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Dës Beweegung wäert sech a Form vun engem gréissere Changement bei eis bemierkbar maachen, deen eis manner Reen an och méi héich Temperature bréngt.

De Verlaf

Um Freiden sinn um Moie nach eng ganz Partie Wolleken ënnerwee, et besteet mol nach eng kleng Warscheinlechkeet vu lokalem a liichtem Nidderschlag – mee wéi gesot, dat sollt wierklech op de mannste Plazen de Fall sinn. Am Laf vum Dag ginn dës och weider ëmmer méi onwarscheinlech, iwwerdeems sech d’Sonn a klenge Schrëtt ëmmer méi tëscht de Wolleke weise kënnt. Fir e Samschde steet och erëm Sonn um Programm, zumools vum fréie Nomëtten u kommen awer erëm eng Partie Wolleken an d’Spill. Reene wäert et awer net. Fir e Sonnde si sech d’Modeller nach net esou ganz driwwer eens, ob et sonneg gëtt oder awer méi déck Schleierwolleken duerchzéien. Egal wéi et kënnt, bleift et awer dréchen.

Wat d’Temperature betrëfft, packe mir et e Freiden op Héchstwäerter vun tëscht 14 a 17 Grad – deemno wéi kënnen och 18 Grad net ausgeschloss ginn. Fir e Samschde gesäit et ganz änlech aus, fir e Sonnde stinn dem aktuelle Stand no tëscht 15 an 18 Grad um Programm.