Bléck op de Weekend: Et gëtt méi sonnëg a méi waarem

Nodeems an der Woch ëmmer rem Déifdrockgebitter dotëschentgefunkt hunn, wärt sech um Weekend héige Loftdrock duerchgesaat kréien.

Drockverdeelung, Temperatur a Wollécken (ICON / wxcharts.eu)

Freiden, 31. August 2018

Um Freide si nach oft méi déck Wollécken ënnerwee. Moies starte mir mat engem groen Himmel an den Dag eran, verschidde Niwwelfelder sinn ze erwaarden. D’Temperature si net all ze wäit gefall a befanne sech tëschnet 7 a 14 Grad. Am weidere Verlaaf vum Daag bleift et déi meecht Zäit wolléckeg. De Risk vu Reeschaueren ass nëmme minimal, soudass et drëche bleiwe sollt. D’Temperature klammen op Maximalwerter vun 17 bis 20 Grad a waat et méi spéit gëtt, waat d’Wollécken ëmmer manner ginn. Mir gerooden nämlech ëmmer méi staark ënnert Héichdrockafloss, deen eis virun allem vum Samsden un schéint Wieder brénge wärt.

Scho gewosst?

De geneeë Verlaaf zu de nächsten dräi Deeg fannt Dir ëmmer am Détail an topaktuell ënnert dësem Link.

Samsden, 01. September 2018

Um Samsde geroode mir nach méi ënner Héichdrockafloss, soudass sech déi déck Wollécke verzéien. De ganzen Dag laang ka sech d’Sonn weise kommen, dobäi si just e puer eenzel kleng an harmlos Wollécken im Himmel ënnerwee. D’Temperature leie moies tësche 6 a n 12 Grad a packen et am Laaf vum Mëtten op Maximalwerter vu 18 bis 22 Grad. Um Owend an och an der Nuecht bleift et nëmme minimal wolléckeg, op ville Plaatze klärt et och op. D’Temperature ginn op 12 bis 7 Grad zréck, virun allem am Norde kann et awer plaatzeweis op 5 Grad eroofgoen oder souguer nach méi wäit.

Sonndën, 02. September 2018

De Sonndë kréie mir eng Widderhuelung vum Samsde. Mir starte mat engem kloere bis liicht wolléckegem Himmel an den Dag eran, d’Temperature leien tësche 7 a 14 Grad. Mëttes an am Nomëtte klammen d’Temperature scho méi héich wéi um Samsden – et ass mat 21 bis 25 Grad ze rechnen. Et zéien e puer kleng an harmlos Wollécken duerch, déi d’Sonn awer net wierklech stéiere wärten. Dës ass stännëg ze gesinn, daat bei engem net relevante Wand. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 16 bis 9 Grad zréck a bis op e puer Niwwelfelder sollt d’Nuecht op de Méinden alles aneschters wéi gro verlaafen.