Bléck op de Weekend: Et gëtt méi waarm an op luesem Wee manner wollekeg

De Weekend fänkt Wieder lues a lues un, ëmzeschloen. Dëst mécht sech an éischter Linn duerch méi héich Temperature bemierkbar.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer zéien déi lescht liicht Déifdrockausleefer iwwert eis ewech, ier sech vun der nächster Woch un eng Héichdrockzong iwwert eis erstrecke wäert. Mir sinn also amgaangen eis op méi sonneg a waarm Zäiten zouzebeweegen.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 10. Juni 2022

De Freidemoie fréi kommen aus Weste schonn erëm Wollekefelder eragezunn, d’Temperature leien tëscht 7 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 15 a 19 Grad erop. Et bleift zimmlech wollekeg, et sollt awer net zu Reen kommen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 19 a 24 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et zéie weiderhin e puer méi déck Wolleken duerch, heiansdo ass mol e sonnege Moment dotëscht net ausgeschloss. Et sollt gréisstendeels dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, et gëtt a klenge Schrëtt manner wollekeg.

Samsden, 11. Juni 2022

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg bis deels méi gro, do kann och erëm Niwwel mat Fisemreen dobäi sinn. D’Temperature leien tëscht 13 a 16 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 21 Grad erop. Et bleift wollekeg an eenzel Niwwelfelder mat geréngfügegem Nidderschlag si lokal ëmmer nach méiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 20 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Westen. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. D’Wolleke ginn e bësse méi labber, déi kleng Nidderschlagswarscheinlechkeet geet och zréck. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 an 13 Grad zréck, den Himmel kläert ëmmer méi op.

Sonnden, 12. Juni 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 12 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 an 21 Grad erop. D’Sonn ass ze gesinn, dobäi si just e puer eenzel Wolleken ënnerwee. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 21 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis spierbar aus West-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech, de Sonn- Wollekemix gëtt bäigehalen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 8 an 12 Grad zréck, den Himmel kläert op.