Bléck op de Weekend: Et gëtt méi wollekeg, kleng Reewarscheinlechkeet

De Weekend iwwer hu mir et mat enger klenger Warscheinlechkeet vun eenzelne Schaueren ze dinn, wat awer elo och net d’Welt bedeit. Trotzdeem sinn d’Temperaturen ëmmer nach an engem mëlle Beräich ënnerwee.

Grousswiederlag

Iwwert de Weekend hëlt den Héichdrockafloss of. Déiwe Loftdrock, deen haaptsächlech iwwert dem ëstlechen Atlantik läit, sträift eis mat senge Fronten. Et gëtt also am Allgemengen e bësse méi wollekeg, zäitweis kann och mol déi eng oder aner Schauer net ausgeschloss ginn. D’Temperature loosse sech dovun awer net all ze grouss beaflossen.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 11. Mäerz 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -2 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 4 a 7 Grad erop. Et zéien e puer eenzel Wolleken duerch, et reent awer net. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis stramm aus Südosten. An de Spëtzte packt en et mol bis op 50 km/h. Et gëtt ëmmer méi wollekeg, et sollt awer trotzdeem meeschtens dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 3 a 6 Grad zréck, spéiderhi sinn eenzel a schwaach Schauere net ausgeschloss.

Samsden, 12. Mäerz 2022

De Samsdemoien ass et staark bedeckt a plazeweis niwwleg, d’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 a 9 Grad erop. Et bleift bedeckt mee meeschtens dréchen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 an 13 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süd-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift meeschtens bedeckt, just mat Chance ass dotëscht mol e sonnege Moment dobäi. Et bleift gréisstendeels dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, et besteet erëm eng kleng Warscheinlechkeet vu vereenzelte Schaueren.

Sonnden, 13. Mäerz 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, dobäi si liicht Nidderschléi a Form vu Fisemreen net ausgeschloss. D’Temperature leien tëscht 4 a 6 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 7 a 9 Grad erop. Et bleift onverännert, also meeschtens bedeckt. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift gréisstendeels bedeckt, mee nach dréchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 5 Grad zréck, aus Weste fënnt méi groussflächege Reen säi Wee op Lëtzebuerg. An der méi spéiter zweeter Hallschent vun der Nuecht gëtt et schonn erëm méi dréchen.