Bléck op de Weekend: Et gëtt rem méi kill, Buedemfrascht méiglech

No de fréijoersméissegen Temperaturen d’Woch iwwer gerode mir de Weekend rem ënnert den Afloss vun däitlech méi kille Loftmassen. An de Nuechte kann et plazeweis och rem zu glate Stroossen resp. Buedemfrascht kommen.

Grousswiederlag

De Weekend fléissen däitech méi kill Loftmassen an eis Géigenden. Grond dofir ass e grousst Héichdrockgebitt iwwer Schweden a Kombinatioun mat déiwem Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum. Doduerch gi kill Loftmassen aus dem wäiten Osten/Nordosten ugezaapt, déi d’Temperature bei eis erofdrécke wäerten.

Freiden, 20. Mäerz 2020

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis bedeckt, d’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 9 bis 12 Grad erop, et gi keng all ze grouss Ännerungen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 13 bis 17 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h present. Et sinn zimmlech vill Wolleken ënnerwee, sonneg Momenter sinn dotëscht awer net onméiglech. Et besteet eng minimal Schauerwahrscheinlechkeet. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 2 Grad zréck, et ass spéiderhin mat Nidderschléi ze rechnen. Op den héchste Koppe kënnen des Nidderschléi och mol als Schnéireen erofkommen.

Kill Loftmasse ginn op Lëtzebuerg transportéiert (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 21. Mäerz 2020

De Samsdemoien ass et bedeckt an et reent, d’Temperature leien tëscht 2 a 6 Grad. Op de Koppen ass Schnéireen net onméiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 3 bis 7 Grad erop, d’Nidderschléi verzéie sech lues a lues aus dem Land. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Ost- Nordosten. An de Spëtzte gi 55 km/h areecht. Et si nach vill Wolleken ënnerwee, et sollt awer drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -2 Grad zréck, et kläert ëmmer méi op. Glat Stroosse sinn ze erwaarden.

Sonnden, 22. Mäerz 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens kloer, Niwwelfelder si méiglech. D’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad, glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 1 bis 3 Grad erop, soubal de Niwwel fort ass schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 9 Grad areecht, et bleift frëndlech a sonneg. De Wand ass present a weist sech mat Spëtzte vu 55 km/h aus Osten. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 0 bis -3 Grad zréck, et bleift kloer. Just plazeweis ass rem Niwwel mat dobäi. Glat Stroosse si méiglech.