
Doduerch, dass sech d’Déif viru Portugal a Richtung Westfrankräich verlagert, gëtt et de Weekend méi onbestänneg bei eis. Et sti Schaueren un an och d’Temperature ginn e Stéck zréck.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Haut um Donneschde läit nordwestlech vu Portugal a westlech vu Spuenien e kräftegt Stuermdéif, wat u Land selwer an éischter Linn fir immens kräftege Reen suergt. Op de Küsten an och Hiwwelen/Bierger si Stuermstéiss dobäi, wéi am Update vu gëschter betount.

Muer um Freide kënnt d’Déif dem Weste vu Frankräich méi no, wouduerch sech iwwer Frankräich selwer eng ganz Linn mat Schaueren ausbild – och mol en Donnerwieder kann do mat agelagert sinn. Vum Samschden u wäert den Déifdrockafloss och spierbar op Lëtzebuerg iwwergräifen.
De Verlaf
Muer um Freide gëtt et no a no méi wollekeg. Wéi an de leschten Deeg schonn ugedeit, besteet weiderhi fréistens vum Owend un d’Warscheinlechkeet vun eenzelne gerénge Nidderschléi, déi aus Frankräich op Lëtzebuerg kéinten iwwergräifen. E Samschde selwer ass d’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi schonn däitlech méi héich, spéitstens am Nomëtte weise sech e puer Schaueren. Dass eenzelner dovu méi kräfteg kënnen ausfalen, ass net ausgeschloss. Et besteet och e klenge Risk vun engem eenzelnen Donnerwieder, mee d’Intensitéite si bei wäitem net esou wéi am Summer. D’Sonn ka sech dotëscht weisen. E Sonnde kënne nach e puer vereenzelt Schaueren optrieden, d’Sonn ass awer och tëschenduerch mat dobäi.
Muer klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 18 an 21 Grad, je no Situatioun mam Saharastëbs an de Wolleke kéinte mir et punktuell och mol op bis zu 23 Grad packen. E Samschde si mir nach bei dagsiwwer tëscht 15 an 18 Grad ënnerwee an e Sonnde wieren et nach 12 bis 16 Grad. De Frascht gëtt iwwerdeems keen Thema, just um fréie Freidemoie kéinten eis Wäerter lokal knapp iwwert dem Gefréierpunkt leien.