Bléck op de Weekend: Et gëtt zäitweis naass, mee awer net wierklech kal

De Weekend gerode mir ënnert eng westlech Stréimung, déi eis zäitweis naasst Wieder op Lëtzebuerg bréngt. Esou wierklech kal ass et awer net, duerch iwwerduerchschnëttlech Temperature si mir e gutt Stéck vum wanterleche Beräich fort.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer hu mir et mat héijem Loftdrock iwwer Frankräich ze dinn, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem nërdlechen Deel vum Kontinent, Deeler vun de britteschen Inselen an och der Nordséi virzefannen ass. Duerch dës Drockgebitter ergëtt sech eng méi fiicht westlech Stréimung, déi awer net all ze kill ausfale wäert. Et ass mat naasse Momenter ze rechnen, vun de Quantitéiten hier ass awer net mat vill ze rechnen.


De viraussiichtleche Verlaf fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

E Freidemoie starte mir schonn zimmlech mëll an den Dag eran. Tëscht 5 a 7 Grad sinn op ville Plazen ze erwaarden, wat schonn e gréisseren Ënnerscheed zu de leschte Moienter ass. An de leschten Deeg war et jo ëmmer gréisstendeels fraschteg mat Temperature vun ëmt oder liicht ënnert dem Gefréierpunkt. Mëttes geet et och mëll virun, dat mat engem Maximum vu 9 bis 11 Grad. Den Himmel ass bedeckt, zäitweis ass mat eenzelne Schaueren ze rechnen. Wéi virdrun awer schonn gesot, wäert vun de Quantitéiten hier awer net all ze vill vun uewen erofkommen.

E Samsde si weiderhi vill Wolleken ënnerwee, et wäert och net ganz dréche bleiwen. Am Laf vum Dag gi Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad erreecht.

Fir eng ganz Partie Leit gëtt dann och de Sonnden interessant – virun allem fir déi, déi op der Dikrecher Cavalcade ënnerwee sinn. Aktuelle Modellrechnunge no soll et aus der Nuecht eraus nach bis an de fréie Mëtten eran zu e puer Schauere kommen, ier de Nomëtten dann awer ëmmer méi dréche verlafe soll. D’Sonn huet trotzdeem net déi bescht Chancen, eis Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 6 an 10 Grad. All ze déck apake musse mir eis also net. Heizou kënnt deemno wéi nach en extra Artikel.