Déi sonneg Momenter vu gëschter, deels och nach haut, wäerte mir leider net esou an där Form bei eis halen. De Weekend iwwer gi mir vun déiwem Loftdrock gesträift, wat och mol fir naass Momenter wäert suergen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
No engem immens frëndleche Mëttwoch sinn schonn haut um Donneschden liicht méi Wolleken am Spill. Dësen Trend wäert an de nächste Stonnen an Deeg weidergefouert ginn – deemno wéi si schonn den Owend erëm liicht Nidderschléi dobäi. Den Dag mam meeschte Reen soll viraussiichtlech de Samsde ginn. Eréischt fir e Méinde steet eis erëm en Tëschenhéich un, wat eis erëm fir e puer Stonnen um Stéck d’Sonn ka bréngen.
De Verlaf
De Freidemoien zéie Wolleken duerch, eenzelne Modeller ka liichte Reen optrieden – déi meescht sinn awer net där Meenung. D’Temperature leien tëscht 3 a 5 Grad, also schonn e Stéck méi héich wéi an de leschte Nuechten a Moienter. Fir de Nomëtte gi 6 bis 10 Grad ugepeilt, bei Wolleken a vereenzelte sonnege Momenter bleift et dréchen. Et ass eréischt a Richtung spéideren Owend oder och zweet Nuetshallschent wou et mol zu weidere liichte Nidderschléi aus Frankräich kéint kommen – och dofir ginn et allerdéngs Modeller déi gesinn, dass sech de Nidderschlag zu engem Groussdeel kuerz viru Lëtzebuerg soll opléisen.
E Samsden ass et meeschtens wollekeg – a wéi virdru gesot, ass et deen Dag, deen viraussiichtlech am naasste gëtt vum ganze Weekend. Nodeems d’Temperaturen am fréie Moien tëscht 2 a 4 Grad louchen, ginn am Nomëtte 4 bis 6 Grad erreecht. D’Warscheinlechkeet vu Schauere geet an d’Luucht, zumools fir de spéidere Nomëtten an och de Verlaf vum Owend. D’Nidderschléi solle bis an de Sonnden eran unhalen, mee dat mat Ënnerbriechungen – Dauerreen erwaart eis also keen. E Sonndemoie leien d’Temperature schonn bei 2 bis mëlle 6 Grad, am Nomëtten ännere se net méi all ze vill. Eng Kalfront kann eis erëm liichte Nidderschlag bréngen, mee vill ass et ëmmer nach net.