Bléck op de Weekend: Et heescht weiderhin op d’Zänn ze bäissen!

De Bléck an d’Modellkaarte fir de Weekend ass weiderhi net de schéinsten. De Prabbeli muss op alle Fall iwwerall hi mat, all ze kal sollt et dobäi awer net ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Mir leien de ganze Weekend laang ënner Déifdrockafloss, ausgoend vun engem Déif, wat mat sengem Kär südwestlech vun de britteschen Insele läit. Doduerch erwaarden eis naass Ofschnëtter, déi virun allem muer um Freide méi laang unhalen. Fir de Rescht sinn et oft Schaueren, wou d’Sonn mat Chance mol kann dotëscht duerchschéngen. Wat d’Temperature betrëfft, ass eng Prognos weiderhin e bësse méi kniffleg. De Grond dofir hate mir an engem speziellen Artikel behandelt.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Nidderschléi iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Dag vu muer, de Freide, verleeft wuel immens reenereg. D’Modeller si sech zwar nach net ganz iwwert d’Reenzommen eenz, mee et kann uerdentlech eppes dobäi sinn. D’Temperature packen et op tëscht 8 an 12 Grad, vill méi ass net dran. De Nidderschlag leet sech vum Freidenowend lues a lues fir eng Zäitchen, ier et dann am Laf vum Samsden ënnert ville Wolleken ëmmer erëm kann zu eenzelne Schauere kommen – dobäi steet haaptsächlech de Nomëtten a fréien Owend am Fokus. Duerch de Saharastëbs muss ee mat den Temperaturberechnungen e bëssen zréckhalend virgoen, tëscht 12 a 15 Grad sollt ee sech erwaarden – mat vill Chance kann et awer och op d’17 Grad duergoen. Och e Sonnde si vill Wolleken ënnerwee, tëschenduerch ass d’Sonn heiansdo ze gesinn an et reent zäitweis. Tëscht 13 a 16 Grad stinn un.

En Artikel zu de Reenzommen iwwert de Weekend kënnt no.