Bléck op de Weekend: Fraschteg, glat Stroossen & Schnéiflacke net ausgeschloss

Zäit, eng éischt Kéier e bësse méi genee op de Weekend ze kucken.

D’Grousswiederlag

Lëtzebuerg schwëmmt och de Weekend iwwer weiderhin an enger Zopp, bestoend aus jeeweils liichtem Héich- an Déifdrockafloss. Zäitweis besteet duerch kleng Déifdrockgebitter d’Chance op den éischte Schnéi vun der Saison – just berechnen d’Modeller d’Positiounen a Lafweeër vun dësen Déifdrockgebitter immens ënnerschiddlech. Et kéint also deemno wéi zu Iwwerraschunge kommen.


De Verlaf vum Weekend, dem ECMWF no | Animatioun: wxcharts.com

Ganz vum Wiederzoustand ofgesinn gëtt et sécher e gudde Strapp méi kal. An de Nuechte si mir bei 0 an drënner ënnerwee, am Dag gëtt et net vill méi waarm.

De Verlaf

Muer um Freide si vill Wolleken ënnerwee, d’Temperature leien tëscht -1 an 2 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 1 an 3 Grad. Aus Oste kënne geréngfügeg Nidderschléi eragezu kommen, déi duerch déi niddereg Temperature plazeweis och mol als eppes anescht wéi nëmme Reen erofkomme kënnen – wéi z.B Flacken. Vill sollt ee sech dovun awer net erwaarden. D’Warscheinlechkeet hält bis an de fréien Owend un, duerno sollt et dréche bleiwen. Duerch Nätzt déi fréiert kéint et lokal mol glat ginn.

De Samsde verleeft weiderhin zimmlech bedeckt, mee viraussiichtlech méi dréche wéi de Freiden. An de fréie Moiesstonne leien d’Temperaturen tëscht -3 an 1 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 1 an 3 Grad. Et sollt dréche bleiwen.

De Sonnde soll et laang dréche viru goen, dat no moientlechen -3 bis 0 Grad a mëttes tëscht 0 a 4 Grad. Vum Owend u gëtt et erëm e Stéck méi spannend, déi momentan Leef vum GFS an ECMWF bereche nämlech Schnéifall an der Nuecht op de Méinden. E Méindemoie kéint et also deemno wéi zu Verkéiersbeanträchtegunge komme, sollte sech dës Kaarte confirméieren.