Bléck op de Weekend: Freide kuerz Stéierung, duerno erëm dréchen

Um Freide passéiert eis eng Kalfront. Vum Samsden u gëtt et awer schonn erëm méi frëndlech an d’Temperature beweege sech ëmmer nach an engem iwwerduerchschnëttlech héije Beräich.

Grousswiederlag

Mir leien ëmmer nach ënner staarkem Héichdrockafloss, dat de Moment nach mam Kär am Mëttelmierraum. Nodeems eis de Freiden eng Kalfront passéiert huet, beweegt sech vum Atlantik hier e weidert markant Héichdrockgebitt mat sengem Kär an eis Géigenden. Dëst wäert eis dann vum Samsden un fir op mannst de Rescht vum Weekend fest am Grëff hunn.

Freiden, 26. Februar 2021

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, eng Kalfront läit iwwert eis. D’Temperature leien tëscht 5 a 7 Grad a klammen am Virmëtten op 6 bis 8 Grad erop. Et kann ëmmer erëm zu liichte Nidderschléi kommen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 8 an 13 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. De Reen trëtt méi oft an och méi groussflächeg op, d’Sonn huet keng all ze gutt Chancen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 2 a 4 Grad zréck, et gëtt manner naass an d’Wolleke ginn och ëmmer manner. BUedemfrascht ka lokal net ausgeschloss ginn.


No kuerzem Schéinheetsfeeler vum Freide geet et mat héijem Loftdrock virun | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 27. Februar 2021

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a klammen am Virmëtten op 4 bis 7 Grad erop. Et gëtt ëmmer manner wollekeg, d’Sonn ka sech besser duerchsetzen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 13 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h dobäi. Et gëtt ëmmer méi frëndlech, reene sollt et net. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 1 an 3 Grad zréck, den Himmel kläert op.

Sonnden, 28. Februar 2021

De Sonndemoien ass den Himmel gréisstendeels kloer, d’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad a klammen am Virmëtten op 4 bis 6 Grad erop. Et bleift frëndlech bei vill Sonn, virausgesat de Niwwel huet sech opgeléist. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 9 bis 13 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Osten. An de Spëtzte packt en et op 30 km/h. D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall. Um Owend an an der Nuehct ginn d’Temperaturen op tëscht -2 an 1 Grad zréck, et kënnt also erëm zu Buedemfrascht a liichtem Loftfrascht.