Bléck op de Weekend: Freiden zäitweis naass, duerno dréchen & mëll

De Weekend iwwer leie mir genee tëscht polare Loftmassen am héije Norden & der Hëtzt, déi de Moment virun allem a Spuenie fir nei Abrëll-Rekorder suergt. Et gëtt am Allgemenge méi dréchen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer gëtt eist Wieder haaptsächlech vun héijem Loftdrock bestëmmt, deen just muer um Freide nach kuerz vun engem klengen Déifdrockgebitt gestéiert gëtt. A Richtung Sonnde ginn eis Temperaturen zwar liicht zréck, mee als wierklech kal kann een eist Wieder och net beschreiwen.


De Verlaf vun de Loftmassen de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

An der Nuecht op de Freiden erreecht eis e Batz Reen, deen sech am Laf vum Dag selwer awer a Richtung Däitschland wäert verzéien. Iwwereg bleift e Mix aus Sonn a Wolleken, iwwerdeems dotëscht ganz lokal a punktuell begrenzt mol nach eng Schauer oder e kuerzt Donnerwieder erofkomme kann. De Risk fir en Donnerwieder besteet awer éischter méi iwwer Däitschland. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 15 a 17 Grad. De Frascht hu mir och hannert eis gelooss, e Freidemoie starte mir nämlech bei 7 bis 10 Grad an den Dag eran.

E Samsde geet et mat 6 bis 8 Grad un, am Nomëtte ginn 12 bis 16 Grad als Maximum erreecht. Sonn a Wolleke wiessle sech of an et bleift dréchen. E Sonnden ännert sech net vill: Sonn a Wolleke wiessle sech of an et sollt dréche bleiwen. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 14 a 16 Grad.