Bléck op de Weekend: Fréistens vum Samschdenowend u Schliet méiglech

E Samschde gëtt et nach eng Kéier richteg mëll bis waarm, ier dann den ugekënnegte Changement kënnt. Fréistens schonn um spéidere Samschdenowend selwer kënnen éischt Nidderschléi dobäi sinn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Muer um Freide leie mir nach matten ënner Héichdrockafloss, deen sech vun de britteschene Inselen hier bis an d’Alpen, de Mëttelmierraum an esouguer bis ganz erof a Griicheland erstreckt.


Et ass gutt ze erkenne, wéi sech eist Héichdrockgebitt verzitt | Animatioun: wxcharts.com

Bis e Samschdenomëtte wäert sech dëst Héich nach méi wäit an den Oste verlagert hunn, esoudass vu Westen a Südwesten hier Déifdrockgebitter en Afloss op eist Wieder huelen. E Samschden erreechen eis Groussregioun esouguer fiichtwaarm Loftmassen, déi sech méiglecherweis iwwer Frankräich a Form vu Wiedere kënne weisen. Bis an déi nächst Woch era stellt sech en immens variabelt Bild heiheem an.

De Verlaf

Muer um Freide starte mir am Ufank mat e puer Niwwelfelder, déi am Virmëtten awer erëm gutt vun der Sonn sollte gekontert ginn. D’Sonn bleift dann och bis an de Nomëtten era bei eis, et kommen da just no a no e puer Schleierwolleken dobäi. Et bleift weiderhin dréchen, an der Nuecht op e Samschden ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg – lokal kënne Niwwelfelder optrieden. Fir e Samschde bleift et bis an de fréie Nomëtte nach onverännert, duerno treffen aus Frankräich ëmmer méi Wolleken an. Dës gi vun enger fiichtwaarmer Loftmass aus, déi wéi gesot, iwwer Frankräich läit. Verschidde Modeller, dorënner den europäeschen an däitschen, wëlle net ausschléissen, dass eis schonn am Laf vum Owend eppes dovun zu Lëtzebuerg kéint erreechen. En Donnerwieder wier dann och net ausgeschloss.

Allgemeng klëmmt d’Warscheinlechkeet an der Nuecht resp. um Sonnde selwer sécher, et si vill Wolleken ënnerwee an et ass mat Schaueren ze rechnen. All ze flächendeckend sollt dat awer net de Fall sinn – et kann also gutt sinn, dass nach net all Géigend wierklech den éischte Reen no laanger Zäit ofkritt.

Wat d’Temperature betrëfft, gi muer um Freiden tëscht 17 an 21 Grad erreecht – deemno wéi kann eng 22 net ausgeschloss ginn. Fir e Samschde si mir mat 19 bis 24 Grad dobäi, nëmmen ënner Ëmstänn kann et liicht méi waarm ginn. E Sonnde wieren et dagsiwwer nach gréisstendeels 15 bis 20 Grad.