De Bléck virun d’Dier mécht engem haut um Donneschde richteg gutt Laun. De Weekend iwwer erwaart eis kee grousse Changement, just klëmmt vum Sonnden un e klenge Wiederrisk.
Advertisement
D’Grousswiederlag
Muer um Freide leie mir ënnert dem Afloss vun engem Héich, wat mat sengem Kär iwwert der Nordséi läit. Am Laf vum Samsden verlagert et sech bis un d’Ostséi fir dann e Sonnden an e Méinden a Polen eriwwerzezéien.
Duerch dës Verlagerung gëtt vu Westen hier Plaz gemaach fir déiwe Loftdrock, vun dem mir am Laf vum Sonnden awer just e klengen Donnerwiederrisk sollte matkréien. D’Détailer dozou sti nach aus. Fokusséiere mir eis elo mol op de Weekend selwer.
De Verlaf
Och muer um Freide gëtt et frëndlech, am Laf vum Dag zéie just e puer eenzel Wolleken duerch. D’Haaptsaach ass, dass et dréche bleift, woubäi d’Temperaturen e Maximum vun tëscht 18 an 22 Grad erreechen, fläit och iergendwou eng 23. De Samsden erwaart eis en änlechen Dag, just fläit esouguer e nach méi sonnegen. Den Thermometer klëmmt erëm op 19 bis 23 Grad, punktuell kann et och fir eng 24 Grad duergoen. Et bleift frëndlech an dréchen.
E Sonnde komme lues a lues méi Wolleken an d’Spill an et gëtt och en Tick méi schmeier, dat bei Maximaltemperature vun tëscht 20 a 24 Grad. Détailer sinn zwar nach net ganz bekannt, mee vum Sonndenowend u besteet e minimalen/klengen Donnerwiederrisk. Sollt et dozou kommen, da wier de Staarkreen am Fokus.