Bléck op de Weekend: Frëndleche Weekend mat agréablen Temperaturen

Eis steet e richteg frëndleche Weekend un. D’Sonn ass do, de Reen weist sech net an et ass esouguer agréabel waarm.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Vum Atlantik hier streckt sech en Héichdrockgebitt a Richtung Mëtteleuropa an dréit esou dozou bäi, dass eis frëndlecht a waarmt Wieder usteet. De ganze Weekend laang ass de Reen keen Thema. Mir profitéiere vu mëlle Loftmassen, déi duerch d’Zesummespill mat engem Déifdrockgebitt iwwert den Azoren an eis Géigenden transportéiert ginn.


De Verlaf vun de Loftmasse bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freide geet et frëndlech an den Dag eran an esou sollt et dann och bleiwen. D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall, et zéie just e puer dënn Wolleken duerch. Am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 18 an 22 Grad erreecht, punktuell kéint et och fir 23 Grad duergoen. E Samsden hu mir et am Ufank fläit mat e puer eenzelne Schleierwolleken ze dinn, déi am Laf vum Dag awer verschwanne sollten. D’Sonn kënnt sech erëm weisen an et gëtt richteg frëndlech, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 19 an 23 Grad. E Sonnde gëtt et nach en Tick méi waarm, 20 bis 25 Grad sinn als Maximaltemperaturen ze erwaarden. Et ass schéi sonneg, et zéien allerhéchstens mol e puer eenzel an dënn Wolleken duerch.

Esou änlech wéi et de Weekend gëtt sollt et de momentane Berechnunge no och an der neier Woch virugoen.