
D’Loftmassegrenz huet eis an dëser Woch bis ewell scho gutt nennenswäerte Reen bruecht. De flächendeckende Charakter wäert awer deemnächst ofhuelen, et geet zu Schauerwieder iwwer.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Weekend iwwer gi mir haaptsächlech vun engem Déifdrockgebitt beaflosst, wat sech vu knapp südwestlech vun de britteschen Inselen ufänkt a Richtung Portugal ze beweegen. Am Kader vun dësem Déif entsteet un de Frontesystemer iwwer Frankräich eng Zon mat Schaueren an Donnerwieder, vun deenen et vereenzelter och kënnen an eis Groussregioun packen.

Zur selwechter Zäit wéckele sech awer och erëm méi mëll Loftmasse ronderëmt dëst Déif, wouduerch et bis e Sonnden och erëm kontinuéierlech méi waarm gëtt. Deemno wéi kënnen esou e Sonnden, zumools am Südoste vum Land, erëm knapp iwwer 20 Grad erreecht ginn.
De Verlaf
E Freidemoien ass den Himmel nach bedeckt an et reent, dat op ville Plazen am Land. Eenzel Modeller deiten duerch déi niddereg Temperaturen um Buedem esouwéi och an der Héicht och un, dass et punktuell mol zu där enger oder anerer Flack kéint kommen – dovu sollt ee sech awer elo net ze vill erwaarden. Am Laf vum Virmëtte gëtt et ëmmer manner naass, am fréie Nomëtte sinn héchstens nach e puer ganz lokal Schauere méiglech. Mat Chance weist sech d’Sonn awer esoulues erëm tëscht de Wolleken, ier den Himmel dann bis an de spéideren Owend eran och méi grouss kann oprappen.
E Samschde wiessele sech weiderhin déck Wolleken a sonneg Momenter of. A Frankräich spillt sech eng Donnerwiederlag of, bei där nach net sécher ass, ob eis net eventuell eppes klenges dovun am Laf vum Owend kéint erreechen oder net – vill wier et egal wéi awer net.
Fir e Sonnde geet et och am Ufank mat engem Mix aus Sonn a Wolleken un, ronderëmt d’Mëttesstonn ass mat der Entwécklung vun e puer Schaueren an der Groussregioun ze rechnen. Och hei kënne sech erëm vereenzelt Zelle mat Blëtz an Donner forméieren, déi dann séier eriwwer an Däitschland virunzéien.
Temperaturméisseg gi muer um Freide Maximaltemperature vun tëscht 9 an 11 Grad erreecht, e Samschden ass mat tëscht 14 a 19 Grad ze rechnen. Zumools déi däitsch Modeller tendéiere fir e Sonnden erëm an déi méi waarm Richtung, tëscht 18 an 21, fläit och mol 22 Grad ginn ugedeit. Wat d’Nuechte betrëfft gëtt zumools déi op e Freiden an e Samschde méi kill, lokal Minimalwäerter vun ëm 2 Grad si méiglech – wat fir sensibel Planze ka relevant ginn.