Bléck op de Weekend: Haalt Äre Prabbeli grëffbereet

Wann een de Weekend ënnerwee ass, sollt ee léiwer net de Prabbeli vergiessen. Besonnesch déck muss d'Jackett dobäi awer net sinn.

Grousswiederlag

De Weekend iwwer leie mir genee op der Grenz tëscht héijem an déiwem Loftdrock. Doduerch gerode mir ënnert eng südwestlech Stréimung, déi eis net nëmme méi naass mee och méi mëll Loftmassen op Lëtzebuerg schéckt. Et wäert elo erëm méi fréquent zu Reen kommen, parallel dozou gëtt et awer net wierklech kal. D’Temperature klammen op en iwwerduerchschnëttleche Niveau fir d’Joreszäit.


Déi viraussiichtlech Entwécklung vun der Grousswiederlag fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

No dem meeschtens groen an zäitweis naassen Dag vun haut erwaart eis e Freiden, dee net vill anescht ausfale wäert. Déi déck Wolleken dominéieren, vum Mëtten un erreecht eis aus Weste lues a lues e neit Reegebitt. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 13 a 16 Grad, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Südweste mat Spëtzte vu 35 km/h. Och de Samsde bleift et net dréchen: d’Temperature klammen zwar op e Maximum vun tëscht 14 an 18 Grad, et kann dotëscht awer weiderhin zu Schauere kommen. Mat vill Chance kënnt sech d’Sonn dotëscht weisen. Déi vergläichsweis nidderegst Warscheinlechkeet vu Schauere gëtt et de Sonnden. Sonn a Wolleke wiessle sech of, de Reen sollt sech just nach op e puer ganz vereenzelt Plaze reduzéieren. Den Thermometer klëmmt op tëscht 14 a 17 Grad.

Vum Méinden u gerode mir ënnert déi däitlech méi waarm Loftmassen, déi mir an de leschten Deeg jo schonn duerch en Artikel kennegeléiert hunn.