Bléck op de Weekend: Héich dominéiert virun, agréabel Temperaturen

Iwwert de Weekend erwaart eis ëmmer nach frëndlecht a rouegt Héichdrockwieder. Nidderschléi sinn ëmmer nach kee gréissert Thema.

Agréabel Temperaturen, ouni dass et ze waarm ass

Wéi mir am Laf vun der Woch erausfonnt hunn, konnt sech d’Variant mat de wierklech waarme Loftmassen, déi eis bis zu 30 Grad hätt kënne brénge, net duerchgesat. Dowéinst hu mir et elo bis Enn der Woch mat där Variant ze dinn, déi am Ufank och am warscheinlechsten ausgesinn huet: d’Temperature leien am Beräich vun de 25 Grad, klammen awer net vill méi héich.

Freiden, 29. Mee 2020

De Freidemoie schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, d’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad an eenzelnen Däller sinn och mol Wäerter vun rondërem 5 Grad méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 15 bis 18 Grad erop, et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 20 bis 24 Grad areecht, de Wand bléist spierbar aus Ost- Nordosten. An de Spëtzte si 45 km/h ze erwaarden. Et zéien héchstens mol e puer kleng an harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 8 Grad zréck, et bleift meeschtens kloer.

Loftmasseverdeelung iwwert de Weekend (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 30. Mee 2020

De Samsdemoien ass den Himmel rem meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 12 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 18 Grad erop. Et bleift frëndlech a sonneg. Mëttes an am Nomëtte packen et d’Temperaturen op e Maximum vu 19 bis 23 Grad, de Wand bléist spierbar aus Ost- Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et kommen e puer Wolleken eragezunn, déi awer weiderhi nëmmen harmlos wäerte sinn. D’Sonn weist sech ëmmer nach. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 11 bis 8 Grad zréck, et kläert rem op.

Sonnden, 31. Mee 2020

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 11 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 17 Grad erop. Aus ëstleche Richtunge gëtt et minimal méi wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 19 bis 23 Grad e rechnen, de Wand bléist spierbar aus Ost- Nordosten. An de Spëtzte gi Wäerter vu 40 km/h areecht. Et zéien e puer Wolleken duerch, demno wéi och mol déi eng oder aner méi kompakt. Et blieft awer drëchen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 10 Grad zréck, et kläert op.