Bléck op de Weekend: Héichdrockafloss hëlt of, Sonndenowend fläit schonn Flacken

Ganz lues gëtt den Héichdrockafloss manner. Esou richteg sollte mir dat awer eréischt am Laf vum Sonnden oder vum Méinden u mierken.

D’Grousswiederlag

E Freide läit eist Héichdrockgebitt mol nach mat sengem Kär iwwert de britteschen Inselen, gëtt awer am Laf vum Samsden no a no méi wäit eraus op den Atlantik gedriwwen. D’Héichdrockzong, déi dovun ausgeet, verlagert sech och méi wäit an de Süden, well de Norde vun Däitschland schonn esou lues ënner Déifdrockafloss geréit.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Am Laf vum Sonnden ass et och bei eis esouwäit: En Deel vum héich läit elo iwwert dem Mëttelmier, dat anert huet sech bis an Island verlagert. Iwwereg bleift elo en Déif iwwert den Azoren a virun allem e weidert gréissert Déif iwwer Skandinavien an och dem Baltikum. Mir geroden ënnert eng fiicht a kill nordwestlech Stréimung, déi eventuell e Sonndenowend schonn fir déi eng oder aner Flack kéint suergen.

De Verlaf

Muer um Freide komme warscheinlech e puer schleierhaft Wolleken dobäi, d’Temperature leien um Moie mol nach tëscht -6 a -3 Grad a packen et am Dag op e Maximum vun tëscht -1 an 1 Grad. Obwuel et tendenziell méi wollekeg/dréif sollt ginn, weist sech d’Sonn ëmmer nach. Nidderschléi si keng dobäi.

E Samsde sollen dann definitiv am Laf vum Dag Wolleken dobäikommen, wann et dann net schonn vu méi fréi un zu méi déckem Niwwel kënnt. E plausible Grond dofir wier deen, dass d’Loftmasse mëttlerweil schonn erëm däitlech méi fiicht gi sinn. En Iwwergang vu niwweleg op wollekeg ass am Laf vum Dag also denkbar, dat bei -3 a 0 Grad an de Fréistonnen esouwéi 0 bis 3 Grad als Maximum am Dag.


Eenzel Modeller rechne vum Sonndenowend u mam éischte Schnéifall | Grafik: wxcharts.com

Wat mir méi no un de Sonnde komme, wat och d’Modeller ënnerteneen méi onsécher ginn. Op alle Fall sollte mir e Sonnden schonn alleng un de Wolleke mierken, dass en Ëmschwong drop an drun ass. Um fréie Moie starte mir viraussiichtlech mat -1 bis 1 Grad a packen et am Nomëtte net vill méi wäit. Et ass dréif bis wollekeg, eenzelne Modeller no si vum spéideren Owend un vereenzelt Schnéischaueren ze erwaarden. Et kéint e Méindemoien also plazeweis net nëmmen duerch d’Temperature wanterlech ginn, mee och duerch méigleche Schnéi.

En Update zu dëser kniffleger Situatioun kënnt och nach.