Bléck op de Weekend: Héichdrockafloss hëlt zou, et gëtt manner onbestänneg

Um Freide gi mir nach vum Frontesystem vun engem Ex-Tropestuerm beaflosst, ier vum Samsden u kuerzzäiteg mat méi bestännegem Wieder ze rechnen ass.

Et gëtt manner onbestänneg

Um Freide passéiert eis de Frontesystem vum Ex-Tropestuerm EDOUARD, duerch deen et zu liichte Nidderschléi komme kann. Um Samsden an och um Sonnde setzt sech ëmmer méi en Héichdrockgebitt duerch, wouduerch et och méi bestänneg gëtt wéi an de leschten Deeg. Summerlech Temperature bréngt dëst Héichdrockgebitt awer keng – op mannst net fir den Ufank.

leschten Update: 10. Juli 2020 – 00:51 Auer

Freiden, 10. Juli 2020

De Freidemoien ass et meeschtens wollekeg, lues awer sécher leet sech de Frontesystem vum Ex-Tropestuerm EDOUARD iwwert eis. D’Temperature leien tëscht 14 an 18 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 20 Grad erop. D’Warscheinlechkeet vun eenzelne Schauere geet lues an d’Luucht. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Trotz de ville Wolleke gëtt et nëmmen op de mannste Plaze naass. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 8 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg an et kläert op.

En Héich mécht sech breet (ECMWF – wxcharts.com)

Samsden, 11. Juli 2020

De Samsdemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 10 an 13 Grad a klammen am Virmëtten op 13 bis 18 Grad erop. Et si net vill Wolleken ënnerwee, d’Sonn ass ze gesinn. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 17 bis 23 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Norden. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, et sollt dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 12 bis 8 Grad zréck, den Himmel ass e kloeren.

Sonnden, 12. Juli 2020

De Sonndemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 11 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op 15 bis 19 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 19 bis 25 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Nordosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. D’Sonn huet d’Iwwerhand, et zéien héchstens e puer eenzel Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 13 bis 9 Grad zréck, et ännert sech net vill. Et bleift frëndlech.