Bléck op de Weekend: Héichdrockgebitt verzitt sech esou lues

Bis ewell si mir an dëser Woch mat vill Sonn versuergt ginn. An de nächsten Deeg wäert dëst awer ofhuelen, well eist Héichdrockgebitt esou lues un d’Wackele kënnt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Den Ëmschwong geschitt net direkt, mee e schläicht sech esou lues un. E Freide leie mir nach um Rand vun eisem Héichdrockgebitt, wat mat sengem Kär nordwestlech vun de britteschen Insele läit. Vum Samsden u beweegt et sech ëmmer méi wäit eraus op den Atlantik, iwwerdeems sech déiwe Loftdrock dotëschtdréckt. Spéitstens e Méinden iwwerhëlt den déiwe Loftdrock esou richteg a bréngt e gréissere Wiederchangement mat sech.

De Verlaf vum Weekend

Mir hu schonn gekuckt, wat dëse Changement an der nächster Woch mat sech bréngt. Dozou einfach dësen Artikel liesen (klick).

Wéi gesot, erwaart eis vu muer u keng abrupt Ännerung. D’Sonn wäert sech nach weisen, mee mir mierken dass no a no e puer Wolleken an d’Spill kommen. Dréche bleift et och nach. D’Temperature leien an de Moiesstonnen tëscht -4 a -1 Grad a packen et am Laf vum Dag op e Maximum vun tëscht 6 a 9 Grad.

E Samsde gëtt et nach en Tick méi wollekeg, jee no Modell besteet am spéidere Nomëtten eng kleng Warscheinlechkeet vu ganz lokalen a kuerze Schaueren. D’Temperature leien an de Fréistonnen tëscht -4 a -2 Grad a klammen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 3 a 6 Grad. E Sonnde kënnt e weidere Pak Wolleken an d’Land eragezunn, duerch déi niddereg Temperature kann et sinn dass déi liicht Nidderschléi a Form vu Flacken/Gegrimmels erofkënnt. Och e Méinde soll sech dat esou fortsetzen, ier en Dënschde richteg Schnéischauere net auszeschléisse sinn. Dozou awer méi an dësem Artikel.