Bléck op de Weekend: Héichdrockwieder bréngt eis de Niwwel-Lotto zréck

De Weekend iwwer dominéiert erëm den héije Loftdrock, wouduerch et weiderhin ouni wierklech nennenswäert Reequantitéite virugoe wäert.

fir d’lescht aktualiséiert: Freiden, 27. November 2020 – 04:54 Auer

De Weekend iwwer leie mir ënner staarkem Héichdrockafloss. Iwwerdeems kommen an der Héicht och no a no méi kill Loftmassen an eis Richtunge geschlach.

Freiden, 27. November 2020

De Freidemoie starte mir erëm mat Niwwelfelder an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht -3 an 2 Grad. Plazeweis sinn och méi niddrëg Wäerter net ganz onméiglech. D’Nätzt, déi duerch de Niwwel entstoe kann, ka fréien. Dowéinst besteet och erëm de Risk vu lokal glate Stroossenofschnëtter. Am Virmëtte klammen d’Temperaturen op 1 bis 4 Grad erop, de Niwwel ka sech nach e bëssen halen. A Richtung Mëtte sollt e sech awer lues a lues opléisen. Mëttes an am Nomëtte kënnt sech d’Sonn weise, soubal de Niwwel wierklech fort ass. Et ass mat Maximaltemperature vun tëscht 7 an 10 Grad ze rechnen, de Wand ass schwaach aus Ost-Südosten ënnerwee a packt et an de Spëtzten op 20 km/h. Et zéien e puer harmlos Wolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis -1 Grad zréck, et ass erëm plazeweis mat Frascht a glate Stroossen ze rechnen.


De Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Samsden, 28. November 2020

De Samsdemoien ass den Himmel erëm meeschtens gro duerch Niwwelfelder, d’Temperature leien tëscht -2 an 3 Grad. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op 4 bis 6 Grad erop, de Niwwel sollt sech erëm lues a lues opléisen. Ass dat de Fall, da kënnt sech d’Sonn um Mëtten an och am Nomëtte weisen. Dat, iwwerdeems e puer harmlos kleng Wolleken duerchzéien. De Wand bléist schwaach aus Ost-Nordosten a packt et an de Spëtzten op 30 km/h. Eis Temperature klammen op e Maximum vun 8 bis 10 Grad. Um Owend an an der Nuecht ass den Himmel eigentlech gréisstendeels kloer, mee et kann erëm Niwwel entstoen. D’Temperature falen op 2 bis -3 Grad, glat Stroosse si méiglech.

Sonnden, 29. November 2020

De Sonndemoie geet den Dag erëm mat Niwwelfelder un, d’Temperature leien tëscht -2 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op -1 bis 3 Grad erop. De Niwwel sollt sech erëm lues a lues opléisen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vu 0 bis 4 Grad ze erwaarden, et gëtt also méi kill wéi an den Deeg virdrun. De Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzte ginn 30 km/h areecht. Soubal sech de Niwwel opgeléist huet, schéngt d’Sonn erëm iwwer Bierg an Dall. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -3 Grad zréck, Géigende wéi z.B Schëmpech kéinte Wäerter vu bis zu -6 Grad ze erwaarden hunn. Glat Stroosse sinn ze erwaarden.