Bléck op de Weekend: Héichdrockwieder, mëll Temperature wann d’Sonn erauskënnt

De Weekend gi mir vun Héichdrockwieder verwinnt. Dobäi ass et awer wichteg ze wëssen, dass eenzeg an alleng de Niwwel driwwer entscheed, wéi vill mir vun der Sonn matkréien.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer beweegt sech eng Héichdrock-Glack vum Südweste vum Kontinent an den Osten. Et bleift also, ofgesi vu méiglechem Niwwel, nidderschlagsfräi. Zousätzlech ginn an der Héicht weiderhin iwwerduerchschnëttlech waarm Loftmassen an eis Géigende gelenkt, wat sech bei Opléise vum Niwwel haaptsächlech de Samsde weise wäert.


Héije Loftdrock bestëmmt de Weekend iwwer eist Wieder | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Um Freiden erwaart eis e frëndlechen Dag mat vill Sonn – mee dat ebe just, wa sech de Niwwel séier genuch opgeléist kritt. Geschitt dat net, dann ass genee de Géigendeel de Fall. D’Temperature leien an de Moiesstonnen tëscht 1 an 3 Grad an den Däller, soss si schonn bis zu 5 Grad méiglech. Am Nomëtte gi 9 bis 12 Grad ugepeilt. An der Nuecht op de Samsde gëtt et erëm kill, plazeweis fraschteg mat punktuellen 0 Grad, déi optriede kënnen. Um Samsde selwer hu mir erëm dat selwecht Spill: wa sech de nIwwel opléist, gëtt et schéi sonneg bei 11 bis esouguer 16 Grad. Bleift et gro, da falen och d’Temperature méi niddereg aus.

An der Nuecht op de Sonnde gëtt et net méi esou kill – déi nidderegst Temperature sollte sech op 5 Grad belafen, déi héchst awer op bis zu 11 Grad. Um Sonnden dagsiwwer sinn tëscht 12 a 14 Grad dran, esoubal de Niwwel fort ass kritt sech d’Sonn erëm duerchgesat.