Bléck op de Weekend: Héichsummerlech bis bal 35 Grad, Donnerwiederrisk klëmmt

Mëttlerweil steet eis ganz sécher en zimmlech waarme Weekend un, deen fir den Ofschloss awer e gewësse Risk vun Donnerwieder mat sech bréngt.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer hu mir e grousst Déifdrockgebitt virun de britteschen Inselen leien, iwwerdeems sech héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa breet mécht. Et ginn awer och schonn eenzel Modeller, déi fir e Samsden dei éischt Donnerwiederlinnen simuléieren. E Sonnde soll sech dann dem Gros vun de Modeller no en Donnerwieder-Déif iwwert dem Weste vu Frankräich forméieren, wat a Richtung Nordosten viruwandert. A wéifern Lëtzebuerg dovu beaflosst gëtt, kann een awer elo nach net soen. Halt awer Är Aen op no Updates zu dësem Thema, well méi hefteg Entwécklungen definitiv net ausgeschloss sinn.


De Verlaf vun de Loftmassen bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Duerch d’Déifdrockaktivitéit westlech vun eis ginn immens waarm Loftmassen aus dem Süde vun Europa & Deeler vun Afrika an eis Géigende gelenkt – et fungéiert quasi als “Schëpp”. An den éischten Deeg vun der nächster Woch soll d’Zoufuer vun de waarme Loftmassen awer lues a lues ënnerbrach ginn.

De Verlaf

E Freiden erwaart eis e sonnegen Dag, et zéien héchstens e puer vereenzelt Schleierwolleken duerch. D’Temperature leien am Ufank nach bei 8 bis 12 Grad, erreechen am Nomëtten awer e Maximum vun tëscht 24 an 28 Grad. Et bleift frëndlech.

E Samsde geet et mat vill Sonn virun, am Nomëtte kënne sech awer e puer Cumuluswolleken optiermen. Jee no Modell besteet doduerch schonn ganz punktuell de Risk vun enger lokaler Schauer oder engem Donnerwieder, besonnesch um spéideren Owend. Well dëst awer d’Minoritéit vun de Modeller representéiert, ass de Risk als zimmlech geréng anzestuufen. Sollt sech dat ännere, ginn et Updates. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 29 a 34 Grad.

E Sonnde wiessle sech Sonn a Wolleken of, d’Temperature leien am Ufank bei schonn waarmen 16 bis 20 Grad. Plazeweis kann et net ausgeschloss ginn, dass et zu enger Tropenuecht komm ass (Temperature fale bis 6 Auer UTC net ënner 20 Grad). Am Laf vum Dag ginn 28 bis 33 Grad erreecht, et gëtt ëmmer méi schmeier.


Am BeNeLux-Raum klëmmt de Sonndenowend de Risk fir deels zolidd Donnerwieder | Grafik: wxcharts.com

Vum spéidere Nomëtten u besteet bis an de spéideren Owend eran enger ganzer Rëtsch Modeller no de Risk vun Donnerwieder aus westleche Richtungen, déi deemno wéi zolidd kéinten ausfalen. Détailer dozou komme nach.