Bléck op de Weekend: Héichsummerlech mat bis zu 38 Grad

De Weekend bleift et duerch d’Hëtztwell héichsummerlech waarm. Et zéien zäitweis e puer Cumuluswolleken duerch, d’Warscheinlechkeet vun engem Hëtztdonnerwieder ass awer nëmme kleng.

fir d’lescht aktualiséiert:Freiden, 07. August 2020 02:05 Auer

Eng Hëtztwell huet Lëtzebuerg am Grëff. Geet et den aktuelle Modellrechnunge no, dann hu mir et bis op mannst den 12. August mat héichsummerlechen Temperaturen ze dinn. De Fuerplang zu der Hëtztwell fannt Dir hei.

Freiden, 07. August 2020

De Freidemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 19 an 21 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 25 bis 28 Grad erop, den Himmel bleift kloer. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 33 bis 36 Grad areecht, den Himmel ass meeschtens kloer. De Wand bléist schwaach aus Oste mat Spëtzte vun 30 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Wäerter op 22 bis 18 Grad zréck, et si kaum Wolleken ënnerwee.

D’Loftmasseverdeelung bis de Méinden (ECMWF – wxcharts.com)

Samsden, 08. August 2020

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 19 an 21 Grad a klammen am Virmëtten op 28 bis 30 Grad. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 35 bis 39 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Ost- Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Et bleift sonneg, et zéie just e puer eenzel Cumuluswolleken duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 24 bis 19 Grad zréck, et si net méi vill Wolleken ënnerwee.

Sonnden, 09. August 2020

De Sonndemoien ass et kloer, d’Temperature leien tëscht 21 a 25 Grad a klammen am Virmëtten op 29 bis 31 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 35 bis 38 Grad areecht, de Wand bléist schwaach aus Ost- Nordosten. An de Spëtzte gi 25 km/h areecht. Et zéien eenzel Cumuluswolleken duerch, et sollt awer dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 24 bis 19 Grad zréck, et si kaum nach Wolleken ënerwee.

Video vum 06. August 2020 zur Hëtztwell