Bléck op de Weekend: Héije Loftdrock an heiansdo mol eng Stéierung

De Weekend gëtt guer kee sou e schlechten. Héije Loftdrock huet d’Iwwerhand, just heiansdo hu mir e puer Stéierungen a Form vu Schaueren ze erwaarden.

Grousswiederlag

Um Freiden erstreckt sech héije Loftdrock vum Atlantik aus iwwer Mëtteleuropa an trennt soumat zwee Déifdrockgebitter (eent iwwer Skandinavien an dat anert iwwert dem Mëttelmierraum) vuneneen. Um Samsde probéieren dës Gebitter awer erëm zesummenzefannen, wouduerch déi eng oder aner Stéierung a Form vun eenzelne Schauere net kann ausgeschloss ginn. Um Sonnde gëtt d’Situatioun schonn erëm méi stabil.

Ob Reen oder net, et gëtt op alle Fall net kal.


D’Grousswiederlag fir de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 06. Mee 2022

De Freidemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 13 an 16 Grad erop. Et zéien e puer Wolleken duerch, soss ass et awer sonneg. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 25 km/h ënnerwee. Sonn a méi déck Wolleke wiessle sech of, et sollt awer dréche bleiwen. D’Warscheinlechkeet fir Schaueren ass nach méi niddereg wéi an den Deeg virdrun. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 12 Grad zréck, et gëtt ëmmer manner wollekeg an et bleift dréchen.

Samsden, 07. Mee 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 10 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 13 a 17 Grad erop. Et gëtt séier méi wollekeg, et besteet eng minimal Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 17 an 21 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift zimmlech wollekeg, d’Sonn huet net méi déi bescht Kaarten. Eenzel Schauere si net ausgeschloss. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 10 Grad zréck, et gëtt e bësse manner wollekeg.

Sonnden, 08. Mee 2022

De Sonndemoien ass et liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 9 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 13 a 17 Grad erop. Et bleift frëndlech, et zéie just e puer Wolleken duerch. Et sollt wäitgoend dréche bleiwen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 18 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et gëtt ëmmer manner wollekeg, d’Sonn kritt also ëmmer besser Chancen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 10 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg.