Bléck op de Weekend: Héije Loftdrock bleift & et gëtt méi waarm

Och de Weekend iwwer geet et mam rouege Wieder virun, et kommen elo just erëm e puer Wolleken & Niwwelfelder dobäi. Zousätzlech gerode mir ënnert eng méi waarm Stréimung, wat eis däitlech méi héich Temperaturen erméiglecht.

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer läit e grousst Héichdrockgebitt mat sengem Kär matten iwwert dem europäesche Kontinent. Reen oder onrouegt Wieder ass also weiderhi keen Thema – et bleift dogéint zimmlech roueg an och frëndlech, virausgesat de Niwwel/Héichniwwel kritt sech all Moien opgeléist.


Et erkennt ee ganz gutt, wéi aus Westen déi méi mëll Loft erandréckt | Animatioun: wxcharts.com

Duerch d’Verlagere vum Héichdrockgebitt a Richtung Oste ginn duerch d’Stréimung mat der Auer op eemol zimmlech mëll Loftmassen aus dem Mëttelmierraum & dem déiwe Südweste vun Europa ugezaapt. Dagsiwwer si mir also wäit ewech vu Frascht, iwwerdeems et an de Nuechten awer nach méi kal wäert bleiwen.

De Verlaf

Muer um Freide starte mir mat e puer héichbasege Wolleken & méigleche Niwwelfelder an den Dag eran, d’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad (lokal drënner). Am Laf vum Dag gi Maximaltemperature vun tëscht 3 a 5 Grad erreecht, et ass wuel net méi grad komplett kloer. Et geselle sech e puer héichbaseg Wolleken dozou, déi eis awer kee schlecht Wieder bréngen.

E Samsden ass de Verlaf e ganz änleche, just warscheinlech e Stéckche méi dréif. De Modeller no soll et nämlech méi laang dauere, bis sech d’Niwwelfelder opgeléist kréien. Deemno wéi laang dat dauert, kéinten eis e puer Stonne vun der Sonn geholl ginn. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 3 a 6 Grad.

Méi waarm gëtt et dann de Sonnden, dat mat engem viraussiichtleche Maximum vun 8 bis 11 Grad. Och eise Niwwel soll sech erëm méi fréi opgeléist kréie, soudass d’Chancen fir e frëndlechen Dag besser stinn wéi e Samsden. Och dann heescht et erëm: Reen ass iwwerhaapt keen Thema. Den eenzege potenzielle Stéierfaktor ass ebe weiderhin de Niwwel & déi héichbaseg Wolleken.