Bléck op de Weekend: Héije Loftdrock dominéiert, klassesche Niwwel-Lotto

De Weekend iwwer dominéiert den Héichdrockafloss. Een, deen sech elo awer vill Sonn dobäi erwaart, muss d'Rechnung awer och mam Niwwel maachen.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Vum Atlantik hier kënnt en immens grousst an och staarkt Héichdrockgebitt eragezunn, wat sech de Weekend iwwer mat sengem Kär iwwert den Alpen wäert positionéieren. Et ass eréischt vun der nächster Woch Dënschden un domat ze rechnen, dass erëm déiwe Loftdrock iwwert eist Wieder iwwerhëlt.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend: Mir hunn et mat engem kräftegen Héichdrockgebitt ze dinn | Animatioun: wxcharts.com

Bis dohi kënnt et also kaum zu Reen, liicht Nidderschléi kënnen trotzdeem optrieden. De Grond: Niwwel. An de Wanterméint ass et nämlech typesch, dass sech bei Héichdrockafloss de Niwwel méi laang kann halen, heiansdo och trotz sonnege Wiederprognosen.

De Verlaf

De Freide starte mir dréif an den Dag eran, dobäi kann et zu liichte Nidderschléi kommen. D’Temperature leien tëscht 2 a 4 Grad a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 5 a 7 Grad. Et bleift weiderhin dréif, déi méiglech liicht Nidderschléi sollten awer manner warscheinlech ginn. Am spéidere Nomëtte kann en eenzelne sonnege Moment net ausgeschloss ginn, ier d’Wäerter an der Nuecht op tëscht 1 an 3 Grad zréckginn.

E Samsde starte mir erëm mat Niwwel an den Dag. Mëttes an am Nomëtten rechent den amerikanesche Modell domat, dass sech de Niwwel vollstänneg opléist an eis e frëndlechen Dag mat vill Sonn usteet. Den europäesche Modell ass awer anerer Meenung a gesäit, dass et de ganzen Dag laang niwweleg bleiwe soll. Egal wéi eng Variant et gëtt, den Dag vergeet zimmlech roueg. D’Temperature packen et op tëscht 4 a 6 Grad a falen an der Nuecht op tëscht 1 a 4 Grad. De Niwwel spillt weiderhin eng Roll.

E Sonnde soll de Niwwel erëm am Laf vum Dag verschwannen, tendenziell vum spéidere Nomëtten un. Relevante Nidderschlag steet weiderhi keen un, d’Temperaturen erreechen 3 bis 5 Grad a falen an der Nuecht op e Méinden op tëscht -2 a 0 Grad. Et gëtt also erëm fraschteg.